2020 gouf d’Initiative lancéiert, Commanden u Lëtzebuerger Auteuren ze maachen.

D’Iddi war et, Connectiounen tëschent den Haiser ze maachen an awer virun allem och jonken Auteuren d’Chance ze ginn, an der Pandemie-Zäit nei Theaterstécker ze schreiwen. Ee Monolog, deen an deem Kader entstanen ass, ass d'Theaterstéck mam Titel "Erop" vum Romain Butti.

An enger éischter Versioun vum Theaterstéck waren 2020 nach Covid-Themen ze fannen. An der neier, verlängerter Versioun krut d’Pandemie awer manner Relevanz. De Lëtzebuerger Auteur Romain Butti hat nämlech d’Loscht, nach méi an d’Banneliewe vum Haaptprotagonist wullen ze goen a senge Gefillswelte weider nozegoen. Ee Sujet, deen dem Auteur wichteg ass, ass, wéi Mënschen a Bezéiungen zouenee stinn:

"Wéi se ënnerteneen interagéieren. Wat et heescht an enger Bezéiung ze sinn. Wat et och heescht an eng Bezéiung eranzerutschen oder eng Ofhängegkeetsbezéiung hunn. Awer och wat et heescht, keng Bezéiung ze hunn an eleng ze sinn. Et ass am Fong eppes ganz Emotionales an Intimes, an do si ganz vill kleng zäertlech Momenter dran, déi mech immens interesséieren." (Romain Butti, Auteur)

Fir de Regisseur Fabio Godinho war et di éischte Kéier, datt hien d’Mise en scène fir e Monolog ganz op Lëtzebuergesch gemaach huet.

"Ech war ganz schnell an den Text verléift. Den Text ass super an ech hunn d’Sprooch nei entdeckt an dofir wollt ech et och onbedéngt op d’Bün bréngen." (Fábio Godinho – Regisseur)

D'Theaterstéck ass och op Franséisch iwwersat ginn, fir d’Méiglechkeet ze hunn, et am Ausland kënnen ze spillen. Gläichzäiteg zitt et awer och hei zu Lëtzebuerg e méi diversifizéierte Publikum un.

"Ech si frou, datt mir vill méi Theater op Lëtzebuergesch hunn wéi virdrun. Ech fannen et awer och schued, datt et hei am Land am Theater Kategorië ginn. Den däitschen, lëtzebuergeschen a franséischen Theater ginn ëmmer vunenee getrennt a gëtt guer net vermëscht. Dofir hat ech och di grouss Loscht, déi zwou Sprooche fir ee Stéck ze mëschen."

Nei Perspektiven ubidden an d’Relatioun zu der Ëmwelt thematiséieren, och dat trëfft op den Titel «Erop» zou.

"Erop" ass fir mech manner e reliéist Eropkucken. Mee et ass éischter sech dru gewinnen, d’Aen net ëmmer op de Buedem ze riichten, mee och wierklech Loft ze huelen a sech dat unzekucken , wat villäicht net ëmmer a senger eegener Visioun ass." (Romain Butti, Auteur)

"Erop" mam Raoul Schlechter op der Bün gëtt nach bis den 21. Juni am Kapuzinertheater op Lëtzebuergesch a Franséisch gespillt.