Mat enger Expertise iwwer déi betraffen Affekote wëll d'Biennale hir Onofhängegkeet an dëser "sensibeler an heiansdo komplexer Problematik" beweisen.

Iwwer eng "kontradiktoresch Expertise" soll de Fall fir d'Biennale vu Stroossen also gekläert ginn. Déi Streidereien a gewalttäteg Kommentare géint de Jeff Dieschburg op de soziale Medien géif een awer verurteelen, well engem Kënschtler seng Visioun dat net verdéngt hätt.

Wat war geschitt? (3. Juni 2022)

Op Twitter an Instagram lafe Virwërf géint de jonke Kënschtler a Student vu Stroossen. D'Fotografin Jingna Zhang, déi an den USA lieft, geheit dem Jeff Dieschburg vir, hir Fotografie kopéiert ze hunn, ouni hiren Numm ze nennen. Op Twitter weist d'Fotografin sech entsat: "Iergendeen Typ huet wierklech meng Foto geklaut, e Präis vu 1.500 Euro gewonnen, op enger Biennale ausgestallt, déi vun der Lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt gëtt, an da versicht, mir d'Verletzung vun den Droit d'Auteuren ze erklären."

D'Jingna Zhang hätt duerno e Statement via Mail vum Lëtzebuerger Artist kritt, an deem dësen erkläert, dass e sech zwar un enger Partie kënschtlereschen Entscheedunge vun der Fotografin inspiréiert huet. An awer hätt hien e Bild op handwierklech Aart a Weis geschaaft mat anere Faarwen. Donieft hätt hien d'Foto gespigelt an Ouerréng an e Schwäert dobäigemaach, sou d'Fotografin op Instagram.

Am Gespréich mat eise Kolleege vun RTL Today seet d'Jingna Zhang, si wier schockéiert an immens frustréiert iwwert d'Attitüd vum Jeff Dieschburg. Weider erkläert si, dass vill vun hire Studente sech un hirer Konscht inspiréieren, awer op kee Fall sollte kopéiert Aarbechten ouni den Numm vun originalen Auteur a kommerzielle Raim ausgestallt ginn oder, nach méi schlëmm, zum Verkaf stoen. D'Bild vum Lëtzebuerger Kënschtler konnt ee fir 6.500 Euro kafen.

Op Twitter si weider Aussoe vum Jeff Dieschburg am Ëmlaf. Wéi hien op de Plagiat konfrontéiert gouf, äntwert de Stroossener: "Mam Antrëtt an dat ëffentlecht Liewen a mam Publizéieren a Verdreiwe vu Fotoen, gëtt een automatesch gewësse Rechter fräi. Dovun ofgesinn hunn ech mech wuel un hir (Jingna Zhang) inspiréiert, awer däi Kritikpunkt ass eenzeg an eleng op meng Aart, wéi meng Uelegmolerei gemaach gouf, bezunn. Déi ass meng eegen, ergo ass et en onofhängegt Wierk. Ech hunn net d'Madamm aus Japan (oder vu wou och ëmmer) representéiert, mä eng Allegorie vun der europäescher Femme Fatale."

Och am RTL-Interview viru knapp 2 Woche schwätzt de Jeff Dieschburg vu senger Recherche a senger Schafung, wéi hie mam Prix d'Encouragement op der 11. Biennale d'art contemporain zu Stroossen gewonnen huet.

D'Jury vun der Stroossener Biennale huet sech um Donneschdegowend nach zu Wuert gemellt a matgedeelt, dës Virwërf ze préiwen. Heivir hu si sech d'Ënnerstëtzung vun engem Spezialist gefrot.

De Kënschtler selwer huet sech elo juristesch Hëllef beim Affekot Gaston Vogel gesicht. Zousätzlech huet hie sech aus de sozialen Netzwierker komplett zeréckgezunn an all seng Fotoen a Musek geläscht.

Net déi éischt Kopie vum Lëtzebuerger Kënschtler?

Op Twitter an Instagram lafen d'Diskussiounen zu dëser Affär weider an op d'mannst e weideren Artist huet sech gemellt, well direkt e puer Wierker vum Jeff Dieschburg kopéiert gi sinn.

Ausserdeem huet hien aktuell e Bild ausgestallt, wat d'selwecht ausgesäit wéi dem Leonardo da Vinci säi Wierk "la belle ferronnière".

RTL

Hei ass dem Jeff Dieschburg seng Versioun vum Bild. (2. Bild vu riets) / © Screenshot vun Twitter

RTL

Hei ass d'Original "la belle ferronnière" vum bekannte Kënschtler Leonardo da Vinci. D'Wierk ass am Louvre zu Abu Dhabi ausgestallt. / © Giuseppe Cacace/AFP

Legal oder Plagiat?

Ob et sech hei ëm Plagiat handelt oder net, ass net esou einfach ze soen. Am Allgemenge gëllt awer, dass den Auteur d'Rechter fir säi Wierk huet a muss ëm Erlabnis gefrot ginn, wann een aneren dëst kopéieren oder notze wëll. Och fir d'Beaarbechtung, d'Arrangement oder d'Iwwersetzung vun engem Wierk, muss den Auteur säi schrëftlecht Averständnis ginn. Dëst ass am Artikel 3 vum Lëtzebuerger Gesetz vum 18. Abrëll 2001 festgehalen.

1. L'auteur jouit du droit exclusif d'autoriser la reproduction de son œuvre, de quelque manière et sous quelque forme que ce soit.
2. Le droit de reproduction comporte pour l'auteur le droit exclusif d'autoriser l'adaptation, l'arrangement ou la traduction de son œuvre.
3. Le droit de reproduction comprend le droit exclusif pour l'auteur d'autoriser l'intégration et l'extraction de son œuvre dans ou à partir d'une base de données.
4. L'auteur d'une œuvre jouit du droit exclusif d'autoriser la location et le prêt de l'original et des copies de son œuvre.