De Schauspiller, dee mam Film "Et Dieu créa la femme" un der Säit vum Brigitte Bardot grouss eraus koum, ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

Dëst huet seng Fra e Freideg matgedeelt.

Den Trintignant huet a ronn 160 Filmer an Theaterstécker matgespillt, dorënner an "Un homme et une femme" vum Claude Lelouch aus dem Joer 1966 oder "Amour" vum Michael Haneke aus dem Joer 2012. Säin Duerchbroch huet de Schauspiller awer schonn 1956 mat "Et Dieu créa la femme" erlieft, wou hien un der Säit vum Brigitte Bardot gespillt huet a spéider och eng Bezéiung mat der Schauspillerin agaangen ass.

Nodeems dem Jean-Louis Trintignant seng Duechter Marie am Joer 2003 vun hirem deemolege Partner, dem Sänger Bertrand Cantat zu Doud geschloe gouf, huet hie sech fir länger Zäit aus dem Filmgeschäft zeréckgezunn.