Wann ee mam Odile Simon e Bléck zréckgehäit op de Cube no 15 Joer, freet ee sech: Wéi vill vun der Ex-Directrice stécht an dem Kulturzentrum zu Maarnech?

Fir d'Odile Simon waren et "15 Joer Leidenschaft, 15 Programm, 15 Joer Artisten, Schauspiller, Museker". Si all hätten dozou bäigedroen, d'Haus ze fëllen.

Wéi de Cube521 an enger kulturell dach bësse vernoléissegter Géigend gebaut gouf, do war dat eng Entreprise mat Risiko. Et wier en "Zeeche vu politeschem Courage" gewiescht ze decidéieren, zu Maarnech ee richtegt Kulturhaus ze bauen, esou déi fréier Direktesch.

D’Odile Simon hat Virstellunge wat een alles sollt vu Programm ubidden, a mat wat een de Public sollt gewannen a behalen. De Jazz-Publikum krut am Cube521 een eenzegaartege Programm ugebueden an och den Theaterprogramm gouf lues a lues opgebaut.

An wat fir ee Challenge waart lo op d'Ex Directrice vum Cube 521? Si géif der Kultur op alle Fall verbonne bléiwen. Wéi genee dat ausgesi wäert, bleift nach e klengt Geheimnis.