Diddeleng stoung gëschter Owend nees Kapp. Zeg Dausende Leit haten de Wee an d'Forge du Sud fonnt.

Virun allem och fir den Headliner vum Museksfestival live z'erliewen, hate sech d'Spectateuren an der Südstad versammelt. Gemengt ass de Joris. 2015 hat de Sänger säin Duerchbroch mam Hit "Herz über Kopf".

De Berliner Museker ass mat der Stad Diddeleng iwwer d'Musek verbonnen. 2016 war de Joris eng éischte Kéier um Museksfestival zu Diddeleng opgetrueden. Diddeleng ass eigentlech d'Wéi vun der Fête de la Musique. Ugefaangen huet alles mat engem Dram. Dat war Enn 1993. Am Summer 1994 gouf et dunn déi éischt Editioun vun der Fête de la Musique.

Zu Welleschten ass e Samschdeg den Owend déi däitsch Grupp "Kozmic Blue" opgetrueden. Zu Köln sinn si u sech doheem. Hei op der Musel hunn si fir gutt Stëmmung gesuergt.

Do wou Enn Juli d'Welleschter Kiermes gefeiert gëtt, op der Armand Klinker Plaz, gouf gesongen a sech amuséiert. Scho iwwer 10 Joer gëtt zu Welleschten d'Fête de la Musique organiséiert. Scho ee Joer am viraus muss ee Kontakter mat de Museker ophuelen, fir se ze buchen.

Braderie a Fête de la Musique war um Samschdeg och zu Ettelbréck. Dat schmeiert Wieder am Nomëtte war wuel schold drun, dass éischter wéineg Leit ënnerwee waren.

Gutt Stëmmung a vill Leit waren e Samschdeg den Owend och um Kierchbierg. Hannert der Coque gouf musizéiert a gedanzt.