Déi däitsch Formatioun wäert de 17. Juli en Open-Air-Concert organiséiert vun der Luxexpo spillen, dat um "Luxexpo Open-Air".

Den Dag virdrun, nämlech de 16. Juli trëtt d'Hip-Hop-Formatioun "Die Fantastischen Vier" op, e Sonndeg ass et dann un der Reggae- an Dancehall-Grupp "SEEED".

D'Band selwer ass awer net déi éischte Kéier am Grand-Duché, ma ass an de leschte Joren e puer Mol schon am Land opgetrueden. Am Juli wäert d'Grupp aus Däitschland viru 15.000 Leit an der Luxexpo optrieden.

Fir déi Leit, déi keng Ticketen kruten, kënne sech den Dag dono d'Fotoen op RTL.lu ukucken.