Ee verréckte Wëssenschaftler, eng motivéiert Ekipp, Kanner an ee verzauberte Bësch. Méi brauch een net fir eng gutt Geschicht ze schreiwen.

Dat ass dann och d’Rezept fir de Projet "Déi Wëll danzen am Bësch". Hei iwwerhuelen nämlech d’Kanner d’Regie. Ee Mount laang si Kanner aus dem Fondamental vun Déifferdeng a Péiteng op den Tëtelbierg komm, fir un Ateliere matzemaachen. Déi goufe geleet vum Ole Schöne an dem Mara Daro. Déi Zwee sinn normalerweis als Duo Aramelo ënnerwee a maachen Optrëtter um Trampolin
Fir dëse Projet si si awer hannert de Kulissen ënnerwee a schaffe mat de Kanner un zum Beispill de Kostümer. Den Ole Schöne ass als verréckte Wëssenschaftler verkleet an hëlt d'Kanner mat an d'Welt vun de Bëschwiesen. Déi liewen iwwerall ëm eis ronderëm, mee net ëmmer gesäit ee si. Dofir ass et och ganz schwéier sech virzestellen, wéi déi ausgesinn an dofir brauch et eng gutt Portioun Kanner-Fantasie. Fir d'éischt gi si an de Bësch op Spueresich. De Cycle 2 vun der Woiwer Schoul si mat déi klengste Klassen an hunn am Ufank manner no Bëschwiesen an éischter no Schleeke gesicht. Déi goufen duerno awer nees fräigelooss. Mat der néideger Inspiratioun ass et dunn an den zweeten Atelier gaangen. Do dierfte si da mole mat natierleche Faarwen aus Leem, Skulpture formen a Verkleedunge bastelen.

All déi Iddien, déi do zesumme komm sinn, sinn herno an d'Kostümer vun de Kënschtler gefloss. Ëm déi këmmert sech d'Lucie Majerus. Si ass Produktdesignerin a schafft mat ville verschiddenen nohaltegen Materialien. Si hat sech op een Opruff gemellt, fir d'Kostümer ze maachen.

RTL

15 professionell Zirkusartiste wäerten nämlech e Samschdeg an e Sonndeg optriede fir "Déi Wëll danzen am Bësch". Et ass ee Rondwee duerch de Bësch, deen een als Spectateur geet an ënnerwee erwaarden ee ganz vill Iwwerraschungen, erkläert d'Mara Daro: "Et ass net wäit, et si just 3 Kilometer an et kann een och ganz gemittlech trëppelen. Et ass gemaach fir kleng Kanner an op der Randonnée sinn da verschidde Statioune wou een dann déi verschidde Spectaclë vun den Zirkusartiste gesäit."

Um Wee sinn dann och all d'Wierker vun de Kanner ausgestallt. Verschidde Kanner hëllefen och bei der Regie an hunn déi lescht Deeg mat den Artisten zesummen un der Geschicht geschafft.

Dëse Weekend kann een dat am Kader vun Esch2022 kucke goen. D'Entrée ass gratis et muss een sech just am viraus umellen iwwert info@stadhaus.lu.

Méi Informatiounen iwwert de Projet fannt dir hei: