Déi lescht Zeie vun der Schmelz um Site vun der Gemeng Suessem weise sech nach eemol a besonneschem Liicht.

Op den Industrie-Frichë vu Belval kommen déi lescht Zeie vun der Stolindustrie an der Gemeng Suessem nach emol besonnesch zur Geltung, ier se da fir ëmmer verschwannen.

Mat der Skyline vum neie Quartier Belval an den Héichiewen am Hannergrond, soll nach emol d'Geschicht an de Site vun der Stolindustrie op dëser Plaz gewise ginn.

Owes géint 10 Auer (24., 25. a 26. Juni) mécht de Paul Schumacher "Meltingpol" mam gréisste Videomaping op 40 Meter Héicht en Hommage un dës Plaz a weist un Hand vu Filmarchiv-Material, rezente Biller an Spezial-Effekter d'Schéinheet an d'Geschicht vun dem Kamäiner.

RTL

© meltingpol

Reportage Gemeng Suessem Loop 2022

Fir den audiovisuelle Spektakel gëtt op Extraiten aus dem Projet "Nightsongs" zeréckgegraff, d'Atmosphär an d'Ambiance vum Site an der Nuecht waren d'Basis fir elektronech Kompositioune vu Ryvage, Pascal Schumacher a Them Lights.

De Publikum kann de Spektakel vum Park um Belval gesinn.

RTL

© meltingpol