All Joers zitt déi international Konscht-Foire "Tefaf" als eng vun de gréissten an Europa zéngdausende Visiteuren un.

En Dënschdeg waren awer och véier Männer derbäi, déi sech d'Konscht net just ukucke wollten. Wéi déi hollännesch Police matdeelt, gouf d'European Fine Art Fair den Dënschdeg vu bewaffenten Déif iwwerfall.

Op engem Video, deen och an de soziale Medie courséiert, si véier Männer ze gesinn, wéi se probéieren eng Vitrinn mat engem Hummer anzeschloen.

Ee Visiteur schéngt nach ze probéieren, d'Männer mat enger grousser Blummevas vun hirer Entreprise ofzehalen. Der Police no konnten zwee vun deene véier Männer, déi hiren Iwwerfall am Kostüm a mat Kapen um Kapp gemaach hunn, antëscht festgeholl ginn. Fir d'Sich no de bewaffenten Déif goufen eng Rei Stroossen zu Maastricht an een Tunnel gespaart.

Wéi et an den hollännesche Medien heescht, sollen an der betraffener Vitrinn Objete vun engem Bijoutier aus London gewiescht sinn.