An engem Gespréich mam Schauspiller Alec Baldwin huet de Regisseur ugedeit, datt no sengem 50. Film Schluss kéint sinn.

"Ech wäert warscheinlech nach op d'mannst ee Film maachen", sot de 86 Joer alen Regisseur an engem Gespréich mam Alec Baldwin op Instagram. "Awer e Groussdeel vun der Spannung ass fort."

Am Hierscht wier hien zu Dréiaarbechten zu Paräis, do géing hien da kucken, wéi et sech ufillt, nach eng Kéier z'inzenéieren. Fréier wiere seng Filmer a Kinoen "am ganze Land" ze gesi gewiescht, ma elo "dréit een e Film an deen ass e puer Wochen an engem Kino. Vläicht sechs oder véier Wochen, an da geet en direkt an de Streaming oder Pay-per-View." Dat wier net dat selwecht a mécht him net méi sou vill Freed.

Fir d'lescht hat de Woody Allen selwer eng Serie fir Amazon Prime Video gedréit an e lukrative Produktiounsvertrag mat Amazon ofgeschloss. Dësen huet Prime Video allerdéngs gekënnegt, wéi d'Reprochë géint de Regisseur wéinst sexueller Belästegung vu senger Adoptiv-Duechter erhuewe gi waren. Zanterdeem wëllen déi grouss Hollywood-Studioen a Produktiounsfirmae seng Wierker net méi finanzéieren. Säin neie Film "Rifkin's Festival" ass gréisstendeels mat spueneschen an italienesche Sue finanzéiert. D'Comedie iwwert e Regisseur ass bis ewell nëmmen an europäesche Kinoe gelaf an huet do knapp iwwer 1,5 Milliounen Dollar agespillt.

Den Alec Baldwin hat den Interview mam Regisseur zwee Deeg éischter ugekënnegt: "Loosst mech direkt soen, datt ech keen Interessi un den Urteeler a schäinhellege Bäiträg vun aneren hei hunn", schreift hien dozou. "Wann dir der Meenung sidd, datt e Prozess a Form vun enger HBO-Dokumentatioun gefouert soll ginn, dann ass dat äre Problem." D'HBO-Dokuserie "Allen v. Farrow" hat 2021 d'Mëssbrauchsvirwërf vun der Adoptivduechter vum Woody Allen, d'Dylan Farrow, géint hien thematiséiert.

D'Dylan Farrow reprochéiert dem Regisseur, si Ufank den 90er Jore sexuell belästegt ze hunn. Hie selwer dementéiert d'Virwërf.