D’Konschthal zu Esch huet den Ament hir éischt grouss thematesch Ausstellung zënter der Ouverture.

Den dänesche Kënschtler Jeppe Hein ass bekannt fir seng interaktiv Konscht. An der Konschthal zu Esch steet den Ament, iwwer 3 Etagen, seng monumental Installatioun mam Titel «Distance». D’Konschtwierk aktivéiert direkt de spilleresche Charakter an de Visiteur gëtt deemno zréck an d’Kandheet katapultéiert.

"«Distance» ass usech eng monumental Jickebunn, mat grousse Bulle vun ongeféier 20 cm Duerchmiesser. Dat Ganzt ass iwwer 4 Méint geplangt ginn. Et ass eng Installatioun di bis elo réischt puer mol konnt opgeriicht ginn, fir d’läscht virun 8 Joer. Et ass ganz komplizéiert fir se opzeriichten an si ass hei fir d’Konschthal extra ugepasst ginn. Et ass och di éischte Kéier datt di Installatioun op 3 Stäck gläichzäiteg an engem Circuit gewise gëtt. Dat heescht wann d’Bullen ënne fort fuere maachen si de ganze Circuit duerch di ganz Konschthal." (Christian Mosar, Direkter vun der Konschthal a Curateur vun der Expo "Distance")

D’Perceptioun vum Raum an der Architektur gëtt duerch dem Jeppe Hein säi Wierk transforméiert. An esou maachen d’Bullen e Parcours duerch d’Gebai deen ee suivéiere kann. D’Notioun vum Spill ass fir de Kënschtler immens wichteg, als Visiteur kann een esou d’Konscht mam ganze Kierper erliewen inklusiv de Geräischer di de maschinelle System mat sech bréngt.

"Fir de Jeppe Hein ass di Iddi vum Spillen immens wichteg. Iwwerhaapt huet hien eng ganz sozial Approche zu der Konscht vun haut. Hien well dass de Publikum matmëscht a mat involvéiert an eragezu gëtt. Dofir ass d’Spille fir hien eng ganz gutt Methode" erkläert de Christian Mosar.

Fir d’Konschthal, di et jo nach net esou laang gëtt, ass et wichteg eng international Reputatioun opzebauen, an dëst geléngt andeems ee bekannte Nimm an d’Konschthal bréngt. E wichtegen Aspekt, och bei der Ausstellung Metalworks Designing and Making.

"Et ass di éischte grouss thematesch Ausstellung zënter der offizieller Ouverture vun der Konschthal am Oktober 2021. Di Ausstellung wäert e wichtegen Impakt op de Numm vun der Konschthal hunn well mir et hikritt hunn Collaboratioune mat renomméierten Institutiounen z’etabléieren. Ech denken ab elo ass d’Konschthal an der Landschaft vun der zäitgenëssescher Konscht ukomm" esou d'Charlotte Masse, Curatrice an der Konschthal.

Iwwer 20 Artisten an Designer sinn an der Expo Metalworks regroupéiert. Den Ausgangspunkt war et di industriell Geschicht vum Minett mam zäitgenëssesche Schafen ze kombinéieren. D’Matière vum Metall steet am Fokus an d’Expo weist a 16 Kategorië weivill Méiglechkeeten dës Matière huet.

"Etappe per Etappe gi mir duerch di verschidde Kategorien duerch. Mir fänken un mam Goss, mat enger ganz ureger Technik an da gi mir ëmmer méi an di mi technesch sophistiquéiert Fabrikatiounstechniken an zum Schluss kennt den digitale Beräich. Alles wat elo den Ament amgaang ass ze kommen oder wat nach wäert kommen." (Georges Zigrand, Designer a Curateur)

D’Ausstellung Metalworks konzentréiert sech awer net just op de funktionelle Volet vum Design.

"Mir wollte virun allem Loscht gi fir ze experimentéieren. D’Ausstellung hei ass eng Gratwanderung tëschent funktionellem Design a Konscht. Dat heescht mir wollten eis do net festleeën op eppes wat just fir doheem ass. Mee och Objeten di éischter experimentell sinn, Essaien, Tester, oder souguer Saachen di schif gaange sinn, weisen. Et war eis wichteg fir dat op ze maachen an och fir engem jonke Public di Loscht ze ginn di verschidden Techniken ze entdecken." (Georges Zigrand)

Bis de 4. September sinn di zwou Ausstellungen an der Konschthal zu Esch ze gesinn.