Bis de 14. August ass am "Musée de la résistance et des droits humains" zu Esch eng Ausstellung mat Wierker vum belschen Artist Frans Masereel ze gesinn.

Dëst ënnert dem Motto "Idée de paix".

1972, wéi de Moler a Graveur Frans Masereel mat 82 Joer stierft, war säi Wierk bal ganz vergiess. Am zweete Weltkrich war hien zenséiert a verbuede ginn. De Masereel war e Pazifist an Anti-Faschist, e Mann, dee sech géint sozial Ongerechtegkeeten och a senger Konscht ausgedréckt huet, woubäi hien déi zwee Weltkricher thematiséiert. Den humanisteschen Aspekt vun den Aarbechten, mee virun allem och dem Masereel seng Konscht, mat Biller z'erzielen, huet haut nees e groussen Afloss.

Nëmmen e klengen Deel vum Frans Masereel sengem Wierk, dat si virun allem schwaarz-wäiss Zeechnungen, kann een den Ament zu Esch gesinn a sech dobäi ganz an dës Welt eranzéie loossen.

"Idée de paix" ass eng vun zwou Ausstellungen, déi fir Esch 2022 proposéiert ginn. 2023 soll am frësch renovéierte Musée zu Esch, dann och déi nei Dauerausstellung zum Thema Resistenz, Krich a Mënscherechter opgoen.

A wien aus dem Musée geet, kënnt dann och net laanscht en Hoffnungsbild: eent vun de wéinege faarwege Biller aus der Expo weist, wéi de Krich begruewe gëtt.