Ee schottesche Musée huet ee bis ewell onbekannten Tableau vum hollännesche Moler Vincent van Gogh entdeckt.

De Selbstportrait soll bei enger Röntgenstral-Ënnersichung op der Récksäit vum Van-Gogh-Tableau "Hoofd van een boerin met een Witte Bonnet" (lëtzebuergesch: "Kapp vun enger Bauerefra mat enger wäisser Hauf") aus dem Joer 1885 entdeckt gi sinn. Deemno war en vun e puer Schichte Kartong a Läim iwwerdeckt, déi wuel ufanks vum 20. Joerhonnert virun enger Ausstellung ubruecht gi sinn. De Van Gogh hat dacks Toillen e puer mol verwent, fir Geld ze spueren.

De Portrait weist ee Mann mat Baart, Hutt a Schal. D'lénkst Ouer ass däitlech ze gesinn, wat dorop schléisst, dass d'Bild misst virun Enn 1888 entstane sinn, vue dass sech de Moler dat lénkst Ouer gréisstendeels ofgeschnidden huet.

Am Kader vun enger Ausstellung vum 30. Juli bis 13. Juli zu Edinburgh, kënne sech Visiteure de Selbstportrait als Röntgenbild duerch eng speziell entwéckelt Këscht ukucken. Experten iwwerleeë sech awer schonn, wéi se d'Kartongs- a Läimschichte kënnen erofhuelen, fir béid Wierker vuneneen ze trennen ouni se ze beschiedegen.

D'Bild gehéiert méiglecherweis zu enger Rei vun experimentelle Selbstportraiten. 5 änlech Wierker si schonn am Van-Gogh-Musée zu Amsterdam ausgestallt.