Zanter ugangs Juli dréint sech an der südfranséischer Stad Arles nees alles ëm d'Fotografie.

Dat am Kader vun der 53. Editioun vum weltwäit renomméierte Fotofestival "Rencontres de la photographie d'Arles".

Scho fir déi 5. Kéier ass och Lëtzebuerg um Festival vertrueden. Dëst Joer allerdéngs net wéi üblech, mat engem Projet, deen opstriewende Lëtzebuerger Artisten eng Visibilitéit gëtt, mä engem Kënschtler, deen tëscht de 50er a 70er Joren, ee vun den innovatiivste Fotografen am Land war. De 6. Juli war de Vernissage vun der Ausstellung „Romain Urhausen – En son temps“.

Zanter 1970 zéien d'"Rencontres de la photographie" Joer fir Joer zegdausende vu Foto-passionéierten aus der ganzer Welt op Arles, wou een och dëst Joer nees déi ënnerschiddlechste Projeten entdecke kann. Dorënner och d'Ausstellung "Romain Urhausen – En son temps".

Am Dialog mat 13 franséischen an däitsche Fotografen aus senger Zäit, präsentéiert dëse Projet 6 verschidden Themen aus dem Romain Urhausen sengem Wierk, vun de Paräisser Maarthalen, iwwer déi experimentell Fotografie, bis hin zum Nu.

Dat immens villsäitegt, awer a Frankräich bis ewell wéineg bekannte Wierk vum Romain Urhausen zeechent sech duerch säin eenzegaartege Stil tëscht der humanistescher franséischer Schoul an der subjektiver däitscher Schoul vun de 50er a 60er Joren aus.

Bis zum Doud vum gebiertege Rëmelenger Romain Urhausen am Juli d'lescht Joer, gouf dës grouss Monografie vum Curateur Paul di Felice an der Ekipp vu Lët'z Arles, zesumme mam Kënschtler geplangt a spéider du mat vill Respekt viru sengem verspillten Esprit fäerdeg ausgeschafft. Ëmsou méi emotional war et fir all déi Bedeelegt, fir no 2 Joer Aarbecht endlech de Vernissage vun dësem Projet feieren ze kënnen.

Bei der offizieller Ouverture war eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun zu Arles mat dobäi. Ënnert anerem d'Ierfgroussherzoglech Koppel mat hirem Bouf Prënz Charles, de Premier Xavier Bettel mat sengem Mann Gauthier Destaney an d'Kulturministesch Sam Tanson.

Nieft dem Projet vu Lët'z Arles ginn et am Kader vun de "Rencontres de la photographie d'Arles" nach 39 weider Ausstellungen op 25 verschiddene Lieuen uechter déi historesch Stad z'entdecken.

D'"Rencontres de la photographie" lafen nach bis de 25. September.

Bis dohinner kann een dann och de Lët'z Arles Projet "Romain Urhausen- En son temps" am Espace Van Gogh gesinn. Dee selwechten Espace iwwregens, an deem och d'Ausstellung "Lee Miller – Photographe professionnelle" ze gesinn ass, déi dem Visiteur een Abléck an déi produktiivste Kapitele vun där bekannter amerikanescher Fotografin gëtt.