Déi südfranséisch Stad Avignon ass zanter dem 7. Juli am Festivalféiwer.

Schonn zanter 1947, ginn hei all Summer Fiktioun a Realitéit matenee verschwamme gelooss. Dat am Kader vum renomméierte Festival vun Avignon, dee weltwäit als eng vun deenen wichtegste Plattformen fir zäitgenëssesch duerstellent Konscht gëllt. Nieft deem offizielle Festival, gëtt et zanter 1966 och de Festival OFF, deen dëst Joer méi wéi 1.500 Opféierungen vun iwwer 1.000 Ensembelen ze bidden huet.  Och Lëtzebuerg ass dëst Joer nees op dësem Festival vertrueden, ënnert anerem mat zwou Theaterproduktiounen. Net just déi ronn 200.000 uechter déi ganz Stad verdeelten Affichen, ma och déi vill Kënschtler, déi an de Stroossen vun hire Produktioune verzielen an d'Festivalvisiteuren déi sech géigesäiteg Opféierunge recommandéieren, dauchen déi franséisch Stad an ee magesche Flair. De Regisseur an Direkter vum TNL Frank Hoffmann huet zum Festival vun Avignon eng ganz besonnesch Bezéiung.

Am Théâtre du Balcon präsentéiert hien eng eege Mise en scène vum Stéck "Frontalier",  geschriwwen vum Lëtzebuerger Auteur Jean Portante a gespillt vum franséischen Acteur Jacques Bonnaffé. Et ass ee Monolog, deen sech am Kapp vun engem lëtzebuergesch - franséische Frontalier ofspillt – iwwer Erënnerungen a Gedanken zu der Migratioun an zu Grenzen am Allgemengen.

Déi selwecht Spannung spieren och den Ian De Toffoli a seng Ekipp, déi um Festival OFF d'Stéck „Terres Arides“ an der offizieller Selektioun vu Lëtzebuerg präsentéieren. Een dokumentarescht Theaterstéck iwwer ee Journalist deen a Syrien gereest ass, fir en Interview mat engem presuméierten Dschihadist aus dem Grand-Duché ze maachen. Bei dësem Festival kënnen dobäi ze sinn, ass och fir den Ian De Toffoli eng immens Éier, ma d'Participatioun ass natierlech och mat engem gewëssen Drock verbonnen.

Nieft dësen zwou Theaterproduktiounen stinn awer och nach zwou Lëtzebuerger Danz-Produktiounen op der Affiche vum OFF Festival.

Op der Bün vum Centre de Développement Chorégraphique National d'Avignon "Les Hivernales" ass den Ament d'Kreatioun "Starving Dingoes" vun der Choreografin Léa Tirabasso ze gesinn.

D'Laura Arend presentéiert am Théâtre Golovine hir Performance "MIDAS", eng Kreatioun fir de jonke Public.

De Festival OFF leeft nach bis den 30. Juli.