E Méindeg ass de bekannte Kënschtler Claes Oldenburg zu New York gestuerwen. Dat huet seng Porte-parole vun der Pace-Galerie an Däitschland matgedeelt.

Läffelen, Kiischten, Lëppestëfter an dat alles am Riseformat, dat huet zum Oldenburg senge Motiver gehéiert an déi hunn hien och weltbekannt gemaach. Wärend der Revolutioun entstanen, gi se haut dacks als Selfie-Motiver genotzt. Dem Cleas Oldenburg goung et a senger Konscht méi ëm Objeten, wéi ëm Mënschen. Elo ass de Kënschtler am Alter vun 93 Joer gestuerwen.

Hien huet, nieft de berüümte Pop-Art-Kënschtler wéi den Andy Warhol oder de Roy Lichtenstein, dës Konschtaart quasi matgegrënnt.

Gebuer gouf den Oldenburg 1929 zu Stockholm als Fils vun engem schweedeschen Diplomat. Am Alter vu knapp 7 Joer gouf säi Papp op Chicago versat an den Oldenburg huet sech an d'Land, d'Mënschen an och de Liewensstil verléift. No sengen Etüden un der Universitéit Yale, ass hie queesch duerch de Kontinent gereest, bis hie sech Enn vun den 50er Joren zu New York néiergelooss huet.

Iwwer 40 monumental Skulpturen aus grell bemooltem Gips oder mëllem Vinyl huet den Oldenburg entworf. Vill dovu mat senger zweeter Fra Coosje van Bruggen, déi seng Muse war. Zwou Woche virum Oldenburg sengem 80. Gebuertsdag ass seng Fra 2009 am Alter vu 66 Joer u Kriibs gestuerwen. Eng Phas, déi de Wittmann nëmme schwéier iwwerwonnen huet, awer mat senger Konscht weidergemaach huet. Bis an den héijen Alter huet hien a sengem Studio am Weste vun New York am Deel SoHo gelieft a geschafft.