"Echterlive" sou heescht den Iechternacher Museksfestival am Juli.

No 2 more Jore bedéngt wéinst Pandemie an Héichwaasser ass den Echterlive Festival dëst Joer nees voll op Touren. Den éischte Weekend war e groussen Erfolleg an esou soll et weidergoen.

Egal wéi e Genre Musek gespillt gëtt, zu Iechternach kann een de kulturellen Hannergrond mat Basilika an Abteihaff net ewechdenken. Dat eleng suergt scho fir Stëmmung. D'Organisateure sinn erliichtert, dass d'Sonn och eppes derzou bäidréit, dass d'Leit gären op de Festival kommen.

Déi éischt 2.000 Tickete si scho virverkaaft fir dat, wat nach kënnt. Grouss Staren awer och déi Lëtzebuerger Musekszeen gëtt zu Iechternach net vergiess.

Kulturell Vilfalt, musikalesch Vilfalt op historeschen Hannergrond: de Festival Echterlive lieft.