38 Joer laang war de Philippe Koch Konzertmeister, fir d’éischt beim RTL Orchester duerno beim Orchestre Philharmonique du Luxembourg.

D'Roll vum Konzertmeister am Orchester ass dobäi en bësse mat der Roll vum Kapitän an enger Futtballekipp ze vergläichen. Et spillt een eng wichteg Roll an et dréit een zousätzlech nach méi Verantwortung. Elo wier allerdéngs d'Zäit komm fir de Philippe Koch, fir opzehalen.

De Konzertmeister spillt an engem Orchester eng essentiell Roll: Ier de Concert ugeet, an ier den Dirigent op d’Bün kënnt, ass et um Konzertmeister, fir dofir ze suergen, datt d’Museker hir Instrumenter stëmme kënnen. Wärend dem Concert, sëtzt de Konzertmeister lénks nieft dem Dirigent a geet dësem zur Hand. Traditionell spillt hien déi éischte Gei, an hien iwwerhëlt och Solopartien, déi an engem Stéck virkommen. Dernieft muss de Philippe Koch als Konzertmeister och eng extrem gutt Sozialkompetenz hunn. Hien iwwerhëlt Verantwortung fir säin Orchester a muss fillen, wéi sech d'Museker a Musekerinne sech ënnert him spieren.

De Philippe Koch, dee säi Conservatoire zu Léck gemaach huet, kënnt aus enger Lécker Musekerfamill. An senger belscher Heemechtsstad ass hien iwwerdeems zënter 25 Joer "Professeur de Violon", fir wat ee mat guddem Recht behaapte kann, datt seng Gei en Deel vun him a sengem Liewe ginn ass.

De Philippe Koch, dee wuel Dausende vu Stonnen a seng Passioun stécht, ass bei jidderengem als enthusiastesche Schaffert bekannt. Iwwerall begéint een d’Zeie vu sengem Museksengagement. Seng Famill weess e Liddchen dovun ze sangen.

Hien ass en engagéierte Mënsch a Museker a seng Leidenschaft iwwerdréit hien op säi Meedchen an op säi Jong, déi alle béid Proffen am Stater Conservatoire si souwéi op seng eege Schüler.

Elo wier et, esou de Philippe Koch, de richtegen Zäitpunkt fir am Orchestre Philharmonique du Luxembourg opzehalen. Säi leschten offizielle Concert war iwwerdeems de 14. Mee mam Haaptdirigent vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg, dem Gustavo Gimeno. Hien huet awer drop gehalen duerno nach um Nationalfeierdag an der Philharmonie matspillen ze kënnen.