Wéi eng Leit ginn hei zu Lëtzebuerg an de Musée? Wisou gi se a wisou net? Dës Froe stoungen am Fokus vun enger Etüd vum Kulturministère a LISER.

Muséeën zu Lëtzebuerg - Reportage Claudia Kollwelter

Gemaach gouf dës Etüd am Kader vum Kulturentwécklungsplang. D'Resultater wieren net weider verwonnerlech sot d'Kulturministesch Sam Tanson e Mëttwoch bei der Presentatioun. Elo gëllt et, mat deenen Donnéeën ze schaffen.

Et wier wichteg de Public vun de Muséeën ze kënnen sot déi gréng Ministesch. Aus de Resultater vun der Etüd kann een och e gewëssene Profil vum klassesche Musées-Gänger definéieren:

"Dat sinn éischter Leit mat engem méi héijen Educatiouns-Niveau, et sinn éischter Leit tëscht 25 an 44 Joer. Di dacks Kanner hunn an déi di am meeschte ginn, sinn déi, di an der Stad Lëtzebuerg wunnen."

Et misst een alles dru sëtzen, dee Public z'areechen, dee bis elo nach Hemmungen hat an de Musée ze goen. betount d'Sam Tanson:

"D'ass extrem wichteg, datt net ëmmer déi nämmlecht Leit an de Musée ginn. Den Accès zur Kultur ass primordial an enger Gesellschaft. Jidderee muss d'Méiglechkeet hunn, mee déi huet een och just wann een d'Offer kennt."

Nieft der Kommunikatioun wier et awer virun allem wichteg, datt déi Jonk schonn an der Schoul an d'Muséeë ginn. D'Etüd huet nämlech erginn, datt déi di an hirer Kandheet oder Jugend mat der Schoul oder den Elteren an de Musée gaange sinn, dat och haut nach maachen:

"Do gesäit een dat enormt Potential. Mir mussen alles dru sëtzen, fir den Accès zur Kultur bei de Jonke sou gutt wéi méiglech ze garantéieren a Schoulen, Foyeren, Fräizäitaktivitéiten an de Musée ze kréien! Do ass d'Hürd am Erwuessene-Liewe vill manner héich, selwer an de Musée ze goen."

D'Ëmfro gouf iwwregens tëscht Juni an September zejoert gemaach an 2.000 Leit hunn op d'Froe vum LISER geäntwert. Déi nächst Ëmfro déi gemaach gëtt, dréit sech méi spezifesch ëm déi kulturell Praktike vun de Jonken.