Konscht op ongewéinleche Plaze begéint een den Ament op Schratt an Tratt op den Industrie-Frichen am Minett. Dat ass eng vun den Iddien hannert Esch 2022.

Danz a Molerei am Escher Héichuewen / Rep. Christiane Kremer

Häerzstéck ass Esch-Belval mat matten dran dem Héichuewen A, an deem den Ament zum Beispill gedanzt gëtt. Plancher des Coulées war den Numm vun dëser Plattform, wou de gliddege Stol erauskoum. Elo steet hei fir e puer Wochen eng Bün, déi de Publikum aluet, nieft dem formidabelen Dekor vum Héichuewen och nach Danz ze genéissen. Fir de Kollektiv Lucoda eng besonnesch Ambiance an Erausfuerderung, sou den Giovanni Zazzera, Choreograf an Dänzer vu LUCODA:

"Le lieu a son identité et ça nous marque quand même, donc indirectement ça s’encre petit à petit dans le processus parce que on est lié à ce lieu aussi, par sa sonorité, par son volume, par son espace et par son aspect. Du coup une expérience très intéressante et unique aussi."

Den Danzspektakel CHOREOCHROMA ass iwwregens an enger Zesummenaarbecht tëscht den zwou Kulturhaaptstied Esch an Novi Sad a Serbien, tëscht Lucoda an dem Musée Pavle Beljanski entstanen. Am Mëttelpunkt steet en Tablo vum serbesche Moler Sava Šumanović. Sou kommen Danz a Molerei zesummen op d'Bün.

D'Molerin Chantal Maquet erkläert:

"Mir hunn dat en Detail analyséiert, also éischtens, wéi dat formal opgebaut ass, wéi d'Faarwe benotzt ginn an och wourëms et an dem Bild am Fong geet. Wat gesäit een do? Wat stécht do dohannert? Dat heescht mir hunn déi ganz Analyse gemaach an an eisem Prozess ganz vill Gemeinsamkeete vun Aarbechtsweisen och entdeckt. Dat heescht wann eist Resultat normalerweis ee komplett anescht ass, eben Danz a Molerei, déi einfach op de Maueren hänkt, fanne mir awer ganz vill Gemeinsamkeeten un deene mir elo konnte schaffen an déi mir eben an den Dialog erabréngen."

Et ass also e multimediale Spektakel, bei deem och nach Musek, Video a Fotographie eng Roll spillen. Villes vermëscht sech: Industrie a Konscht, Musée an Danz a villäicht gëtt aus enger Molerin eng Bünekënschtlerin.

"Ech weess net genau ob ech mech op der Bün gesinn, mee ech gesi mech op alle Fall am Dialog vun deene verschiddene Konschtformen, well ech mengen, wann ee just a senger eegener Zopp kacht, d'Fusioun vun allem mécht et einfach méi spannend."