Sidd Dir déi richteg Persoun, fir d'Kulturredaktioun vun RTL ze verstäerken?

Dir sidd kulturbegeeschtert, verbréngt Är Fräizäit am léifste mat engem Buch, am Theater, op Concerten, am Kino, a Muséeën oder a Konschtausstellungen? Dir hutt Loscht op en ofwiesslungsräichen Job, sidd prett fir an engem jonke kreativen Team ze schaffen, hutt keng Angscht viru Kameraen a Mikroen a benotzt déi digital Medien an Ärem Alldag?

RTL sicht een/eng Kulturjournalist/in fir seng multimedial Ekipp ze verstäerken. Dir schafft aktiv mat bei Kulturemissiounen a maacht ënnert anerem Kulturreportagë fir Radio, Télé an déi digital Plattformen.

Am Idealfall hutt Dir mindestens e Bachelor-Studium (BAC+3) hannert Iech an eng Erfarung vun 3 Joer am Medien- oder Kulturberäich. Dir sollt och sproochlech op der Héicht sinn, am Lëtzebuergeschen, Franséischen, Däitschen an am Engleschen.

Wann déi Krittären op Iech passen an Dir interesséiert sidd, da mellt Iech mat CV a Motivatiounsbréif op job@rtl.lu