D'Kënschtlerin Trixi Weis invitéiert an eng ganz besonnesch Schmelz.

An den Industriefriche beim Ferroforum zu Schëffleng kann een den Ament op eng ganz séiss Manéier erliewen, wéi d'Schmelze fréier funktionnéiert hunn.

Mat enger Miniatur-Struktur, déi ganz didaktesch weist, wéi soss geschafft gouf, léisst d'Kënschtlerin Trixi Weis Zocker schmëlzen an dohinner féieren, wou um Enn ganz schneekeg Kamellen erauskommen.

D'Iddi hat d'Kënschtlerin, wéi se sech Gedanke gemaach huet, fir e Projet fir Esch2022 ze entwéckelen, dee Konscht an Industrie verbënnt. Fir sech um Terrain ze inspiréieren, ass se den Elektrouewen op Esch-Belval kucke gaangen an huet do déi éischte Kéier eng Coulée gesinn. Dat huet se un hir Kannerzäit erënnere gelooss, wou d'Boma Karamell gemaach huet.

22072022 Interview Trixi Weis mat Thill&Vinkowski

Mat der Hëllef vun e puer Partner ass dunn alles gebaut ginn, wat fir esou eng Schmelz wichteg ass. Dat huet se dem Dan Vinkowski an dem Marion Thill am Podcast-Interview erzielt.

Wien nach bis den 31. Juli wëll kucke goen, muss sech umellen.