D'Francelle Canne an d'Marija Maric wäerten hire Projet vum 20. Mee bis de 26. November 2023 zu Venedeg am Lëtzebuerger Pavillon presentéieren.

D'Architektinne konnte sech mat hirem Projet den 19. Juli an engem Virentscheed géint zwee aner Projeten duerchsetzen a wäerte Lëtzebuerg zu Venedeg vertrieden.

An hirem Projet setze sech d'Architektinne mat Froen auserneen, déi virun allem de "Space Mining" betreffen. Wéi ginn dës erwirtschaft? Wéi een Impakt hunn dës Ressource op d'Wirtschaft an op de Planéit? Dat alles si Froen, déi am Projet verschafft goufen. De Projet beliicht domadder e Sujet, dee fir déi meescht Leit ënnert dem Radar leeft. Mä de Projet werft Froen op: Froen, wéi ee mat Ressourcen an der Zukunft ëmgoe soll, a virun allem mat Ressourcen, déi der Mënschheet eigentlech net géife gehéieren. Wéi gesäit also ons zukünfteg Welt aus, wa mir op Ressourcen zréckgräife, déi mir iwwert d'Grenze vum Planéit eraus siche ginn, andeems mir aner Gebidder am Weltraum koloniséieren?

Wie sech dësen interessante Projet ukucke wëll, muss sech allerdéngs bis den 20. Mee 2023 gedëllegen. Eréischt da wäert e fir déi breet Ëffentlechkeet zougänglech ginn.