"Red Ball Express" wär de Codenumm fir eng vun deene gréisste logisteschen Operatiounen am 2. Weltkrich. Eng 100 Camione sinn elo am Juli de Wee nogefuer.

Red Ball Express - Ronn 6.000 Camione vun der US Arméi hu vum 25. August bis de 16. November 1944 412.000 Tonne Munitioun, Bensinn a Ravitaillement aus der Normandie un d’Front a Westeuropa bruecht.

Ee belsche Club vu Collectionneure vun alliéierte Militärgefierer aus dem 2. Weltkrich huet dëst Joer de Red Ball Express Convoy organiséiert. Eng ronn 100 Camionen aus där Zäit hate sech bei St-Lô an der Normandie Rendez-vous ginn. Begleet vu Jeepen a Motorrieder goung et iwwert déi selwecht Stroosse wéi 1944 vum 18. Juli un a 5 Etappen iwwert Argentan, Courville-sur-Eure, Saint-Fargeau-Ponthierry a Margival bis op St-Michel bei der belscher Grenz. Dobäi goufen ongeféier 650 Kilometer zeréckgeluecht.

Och 5 Lëtzebuerger hate sech de 15. Juli mat 2 GMC an engem Diamond T op de Wee an d’Normandie gemaach. No zwee Deeg si si zu St-Lô ukomm a si beim Red Ball Express Convoy matgefuer. Den 23. Juli si si erëm zu Lëtzebuerg ukomm a wäre frou, datt si op deene 1500 Kilometer keng Pann mat hiren 80 Joer ale Gefierer haten.

D'Lëtzebuerger Participanten

Jean-Paul Baatz (Chauffeur vum Diamond T 981)
Christian Wagner (Chauffeur vum GMC 352)
Marc Vezin (Chauffeur vum GMC 353 ST-5)
Esther Wagener
Guy Eisen

RTL