De 24. Juli ass de brittesche Star am Alter vun 80 Joer zu London gestuerwen, wéi seng Famill der BBC "schwéieren Häerzens" confirméiert huet.

"Mir, seng Famill a Frënn, wäerten hie vill vermëssen an hien als gutthäerzegen, generéisen a matfillende Mann, Partner a Papp an Erënnerung halen". Wéi et am Schreiwes vu senger Famill weider heescht, hätt den David Warner Kriibs gehat, hätt seng Diagnos awer ëmmer mat Fassung gedroen.

De Britt war virun allem fir seng Roll vum Spicer Lovejoy, dem Appersmann vum Caledon Hockley, am ikonesche Film "Titanic" bekannt. A senger jorelaanger Karriär huet hien dacks de Béise gespillt, dat ënnert anerem a Filmer wéi "The 39 Steps" aus dem Joer 1978 oder am "Time Bandits" vun 1981. Donieft huet hie verschidde Charakteren aus der "Star Trek"-Rei verkierpert. Fir d'lescht konnt een den David Warner un der Säit vun der Emily Blunt am "Mary Poppins Returns" gesinn.