D'Konschtwierker ware virdrun am Besëtz vun enger spuenescher Famill a goufen en Dënschdeg am Musée vum Templo Mayor a Mexiko-City presentéiert.

Zanterdeem Mexiko eng politesch lénks orientéiert Regierung huet, géifen esou Aktiounen un der Dagesuerdnung stoen. Dem mexikanesche Präsident Andrés Manuel López Obrador wier et wichteg, national Kulturgidder erëm zréck a Mexiko ze huelen. De kulturelle Räichtum, dee fréier den Azteken, den Olmeken an de Mayas geklaut gouf, misst deemno ënner allen Ëmstänn zréck an d'Ursprongsland kommen.

Zanter 2018 hätt d'Regierung elo schonn 8.970 Objeten aus der virkolonialer Zäit zréckkaaft oder geschenkt krut. Dowéinst géif een ëmmer erëm Auktiounen an Auktiounshaiser verhënneren, well een der Opfaassung wier, datt mexikanesch Konschtwierker, déi geklaut goufen, net dierfte versteet ginn.