Si sinn d’Schutzgöttinne vun der Konscht, déi 9 Musen, déi de griicheschen Dichter Hesiod a sengem Wierk iwwerliwwert huet.

Si gëllen als Inspiratiounsquell fir Kënschtler. Genau dat ass och d’Iddi hannert der Skulpturen-Triennale beim Kollektiv Sixth Floor, déi dëst Joer hir 6. Editioun huet.

Zënter dem 13. Juli schaffe fënnef Skulpteuren a Skulptricen virun den Ateliere vu Sith Floor op der Neimillen zu Käerch. Hiert Material ass Marber a Granit, datt se mat deels schwéierem Aarbechtsgeschir bis an den Detail verschaffen. D’Iddi vun engem Symposium gëtt et hei schonn zënter 2007.

Tom Flick:

- Also beim Platon war et nach rhetoresch Owendiessender, wou se Gedichter geschriwwen hunn iwwert d’Léift. An hei ass et eben den Austausch vu Skulpteuren, déi awer da permanent schaffen a Skulpturen maache fir den Ausseberäich, well dat sinn jo schon momnumental Skulpturen.

- An Owesiessen awer och?

- Owesiessen onbedéngt, dat muss och kalorienräich sinn, well am Dag gi ganz vill Kalorien verschafft.

Fir all Symposium invitéiert de Kollektiv dann och international Kënschtler a Kënschtlerinnen. Nieft dem Lukas Arons aus Schweden si fir d’éischte Kéier och zwou Bildhärinnen derbäi: D’Hanife Neris Yüksel aus der Türkei huet en Doktorat an enseignéiert op der Uni Antalya.

Och d’Masa Paunovic aus Serbien war schonn ëmmer vun der Konscht ugezunn, besonnesch vum Steen.

Masa Paunovic:

Mam Stee schaffen, dat gouf fir mech eng komplett Obsessioun. Et fëllt mech komplett aus, mental a physesch. Et ass esou eppes wéi eng konstant Faszinatioun vun dësem Material, well et souzesoen éiweg hält.

D’Muse, déi dës Kéier am Mëttelpunkt steet, ass d’Melpomene, d’Göttin vun der tragescher Dichtung an dem Trauergesank. Jiddereen ass do anescht inspiréiert.

Haaptsächlech vun den Emotioune wéi Angscht a Roserei, all déi verstoppte Gefiller, déi mer an eis hunn, besonnesch an der COVID-Zäit. Well d’Mënschen Angscht hate vrun eppes, vun deem se net wossten, wéi dat kéint ausgoen.

Tom Flick:

Ech hat ee wonnerschéinen rosa Marber hei aus Portugal, an do sinn ech amgaangen, een Nuage crépusculaire ze maachen, wou dat Rosat an dat Wäisst eriwwergeet, och nach mat e bëssi schwaarz dran. Dat ass och eng Wollek, op där ee reide kann.

E Sonndeg kann een dann déi fäerdeg groussformateg Skulpture gesinn an am Atelier fënnt een och aner Wierker vun de 5 Kënschtler. Den Tom Flick a den Doru Nuta stellen ausserdeem zu Schëffleng aus.