De Comité vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences huet déi 66 Joer al Janet Yang en Dënschdeg zur Nofollgerin vum David Rubin gewielt.

D'Produzentin ass fir Filmer wéi "The Joy Luck Club" aus dem Joer 1993 an "The People vs. Larry Flynt" aus dem Joer 1996 bekannt. Si gëtt déi véiert Fra un der Spëtzt vun der Oscar-Academy an déi éischt Fra mat asiatesche Wuerzelen. De Sekretär vun der Academy Bill Kramer huet der Yang hir Aarbecht fir d'Organisatioun gewierdegt, ënner anerem an de Beräicher "Fairness, Diversitéit an Inclusioun".

D'Academy, déi de renomméiertste Filmpräis op der Welt verdeelt, hat d'lescht Joer mat enger Rëtsch Kontroversen ze kämpfen, ënner anerem wéinst dem Manktem un Diversitéit. Ënnert dem 2015 lancéierten Hashtag #OscarsSoWhite koum et wéinst der ze klenger Berécksiichtegung vun net-wäisse Filmschaffender zu Opriff zum Boykott géint d'Oscars an zu Protester an den Online-Netzwierker.

D'Academy huet antëscht hiert Verspriechen agehalen, d'Zuel vun de Memberen, dat heescht Frae oder Leit, déi enger Minoritéit ugehéieren, bis 2020 ze verduebelen. D'Zuel vun de Memberen ass vu ronn 6.000 op bal 10.000 eropgaangen.