D'Leslie Grace sollt als "Batgirl" den neie Star am DC-Universum ginn, mä Warner Bros. huet sech géint eng Verëffentlechung vum Film entscheet.

D'Decisioun, datt de Film, deen net manner wéi 90 Milliounen US-Dollar kascht huet, elo an der Tonn lant, soll op déi schlecht Bewäertunge vun den Testvirféierungen zréckzeféiere sinn, souwéi op Spuermoossname vum Warner-Bros.-Discovery-Studio.

D'"Batgirl" ass iwwregens keen neie Charakter am DC-Universum. Si ass 1961 fir d'éischte Kéier an engem Batman-Comic opgedaucht. Iwwerdeems gouf et an de 60er Joren och eng Televisiounsserie an där d'"Batgirl" virkoum an och am Film "Batman & Robin", deen am Joer 1997 verëffentlecht gouf, hat d'"Batgirl" een Optrëtt.