4 international Fotografe stellen aus, dorënner d’Ukrainerin Mila Teshaieva, déi kuerz nom Ausbroch vum Krich zréck an hir Heemechtsstad Kiew gereest ass.

4 international Fotografe stellen do aus, dorënner d’Ukrainerin Mila Teshaieva, déi kuerz nom Ausbroch vum Krich zréck an hir Heemechtsstad Kiew gereest ass.

Expo "Ostkreuz: Europa ouni Grenzen" / Claudia Kollwelter

Et sinn zum Deel Fotoen, wéi ee sech se aus Krichsgebidder erwaart – zerstéiert Haiser oder bombardéiert Autoen – awer net just. Aner Fotoe si méi poetesch, méi abstrakt an awer weise se a Kombinatioun mam Text vun der Fotografin, wat sech déi lescht Méint an der Ukrain ofgespillt huet. D’Mila Teshaieva wunnt zu Berlin an ass fir dëst perséinlecht Foto-Tagebuch iwwer 2 Méint an d’Ukrain zréckgaangen:

De Krich ass eng iwwerwältegend Erfarung an ech si keng Krichs-Fotografin. Et si vill verschidden Emotiounen, déi ech zu Kiew erlieft hunn.Eleng den 1. Dag, wou ech ukomm sinn. Mäin Tagebuch weist, datt ech een Dag zum Beispill vum Zesummenhalt vun de Leit inspiréiert sinn an den Dag drop komplett zerstéiert sinn duerch d’Verzweiwlung vun de Leit, déi ech gesi flüchten a lafen.  

Zerstéierung, Zesummenhalt a Resistenz sinn d’Sujeten, déi an de Fotoen dominéieren. Wat d’Zukunft vun der Ukrain betrëfft, ass d’Fotografin awer ganz optimistesch. D’Leit wieren extrem staark, obwuel se Schreckleches erlieft hunn:

Horror, Mord, Folter, säin Haus verléieren, säi Mann…an awer planzen d’Leit zum Beispill nach ëmmer Blummen a Beem op komplett zerstéierte Plazen. Ech fillen a gesinn, datt déi lescht 4 Méint Krich och gewisen hunn, datt nach Hoffnung do ass an d’Ukrain nach eng Zukunft huet, well d‘Ukrainer net opginn.

Kricher awer och ekonomesch a sozial Konflikter - wéi beim Sebastian Wells - baue Barrièren. An och wann d’Grenze bei eis jo momentan op sinn, ass et nach guer net esou laang hier, datt dat anescht war, wéi dem Heinrich Völkel seng Biller weisen.

Olivier Frank, Direkter Institut Pierre Werner:

Déi sanitär Geschicht mat deem ganze Covid. Maache mer d’Grenzen zou, maache mer d’Grenzen op. Do gesäit een, datt déi meescht dach mat Barrièren zou waren, och wann et nëmme kuerzweileg war, bei anere Länner war et méi laang. Dann hu mer d’Ukraine. Mir hunn awer och Biller, déi d’Spuere weisen, déi den  2. Weltkrich hannerlooss huet, iwwer e puer Generatiounen eraus.

De Maurice Weiss stellt dës Erënnerungen ënnert de Motto “Si jamais ils reviennent”.

Thematesch dobäi passt och dem Lëtzebuerger Patrick Galbats seng Sich no Spuere vun engem jonke Meedchen, dat an Ungarn Enn vum 19. Joerhonnert verschwënnt.

D’Ausstellung leeft nach bis den 28. August am Kräizgank vun der Abtei Neimënster.