De Jérôme Reuter a seng Band hunn d'Thema Ukrain-Krich a véier neie Lidder opgegraff.

ROME: sou heescht de Museksprojet vum Jérôme Reuter a senger Band. Mat hirem Neo-Folk-Genre si si vill am Ausland ënnerwee, ganz dacks och an der Ukrain. Dat war nach Ufank Juli zu Lwiw de Fall. D'Thema gouf och a véier neie Lidder opgegraff. D'Christiane Kremer huet den engagéierte Museker an der Kulturfabrik zu Esch begéint.

Sengen ukrainesche Frënn bäistoen, ass fir de Jérôme Reuter eng Prioritéit. Zënter Jore scho kënnt de Jérôme Reuter mat senger Band ROME an d'Ukrain a gëtt Concerten. Nëmmen e puer Deeg virun der russescher Invasioun am Februar, huet de Jérôme nach zu Kiew gespillt. Eng Atmosphär, déi hien net vergiesse kann. "An et huet een natierlech den Drock gespuert, deen op hinne louch, woubäi si scho gewinnt sinn, dass déi Situatioun esou ass oder dee Moment esou war, scho säit 8 Joer. Och si hu sech net konnten denken, dass et an deem groussen Ëmfang zu der Katastroph elo géif kommen."

Geschichte vu Frënn, mä och seng eegen Erliefnisser, beweegen hien. Dat verschafft hien a senger Musek - sou ass déi nei EP "Defiance" entstanen. Virun e puer Woche si véier Lidder erauskomm, déi de Kirch an der Ukrain thematiséieren. "Dat war einfach eppes, wat huet den Ament misse gesot ginn, méi fir déi Leit, déi ech dohanne kennen, méi fir dat aus mengem System erauszekréien, well dat ass keng normal Produktioun gewiescht. Also ech mengen, dass déi Lidder hir Plaz wäerte fannen an engem spéideren Album, mä do sinn ech nach guer net, dat gesi mir dann, wéi et geet. Dat hei war mir als Statement méi wichteg, et och direkt ze bréngen."

Ufank Juli ass de Museker nees zréck an d'Land gereest an huet zu Lwiw, 60 Kilometer virun der polnescher Grenz, ee Concert ginn. "Do ass et awer prinzipiell roueg, mä den Alarm gëtt schonn ausgeléist an dat präägt natierlech d'Nuecht. An och am Dag ass de Krich iwwerall present, also et ass alles do, ausser elo d'Kämpf selwer."

De Jérôme Reuter zéckt net, vu Lëtzbuerg aus ze hëllefen an organiséiert Live-Streamen, fir Suen ze sammelen a fir d'Ukrainer ze encouragéieren. "Fir si ass verléieren och keng Optioun, also si kämpfen ëm alles. Et gëtt net déi Fro gestallt, wat ass, wann elo dat an dat geschitt am Krich. Et geet fir si ëm alles an et gëtt keng Alternativ zu enger Victoire."