Am Joer 1978 ass déi brittesch-australesch Schauspillerin Olivia Newton-John duerch hir Haaptroll am Kult-Musical "Grease" iwwernuecht weltberüümt ginn.

Entspriechend grouss war e Méindeg d'Betraffenheet, wou d'Noriicht vun der 73-Joer aler Fra ëm d'Welt gaangen ass. An Australien wäert d'Schauspillerin elo an enger staatlecher Trauerfeier déi lescht Éier gewise kréien.

Hir Famill hätt eng entspriechend Offer ugeholl, esou den Dan Andrews, Regierungschef vum Bundesstaat Victoria. D'Feier soll awer éischter "ee Concert wéi e Begriefnes" sinn. En Datum fir d'Feier steet nach net fest.

E Méindeg war d'Olivia Newton-John am Alter vun 73 Joer a Kalifornien gestuerwen, nodeems si 30 Joer laang géint Broschtkriibs gekämpft hat. Iwwer fënnef Joerzéngten war si als Schauspillerin, Sängerin a Schrëftstellerin gefrot.