Wéi den Titel et scho seet, steet d’Landschaft am Fokus an huet als Inspiratioun gedéngt fir dës Kollektivausstellung.

3,5 Kilometer ass de Wanderwee tëschent de Léiffrächen zu Keel an dem Hutbierg zu Rëmeleng laang. Dësen Trëppelparcours gouf elo am Kader vun Esch2022 mat enger Kollektivausstellung bespillt. Zil vum Projet wier et, d’Ännerunge vun der Landschaft am Laf vun de Joren op eng lieweg Aart a Weis ze weisen.
Ze gesi sinn eng Rëtsch Wierker vun 9 Kënschtler aus der Regioun. Vu Skulpturen iwwer Installatioune bis hin zu Fotoen a Performance mat Toun an Danz. De Projet „Landscapes“ couvréiert all méiglech Disziplinnen. Mat dobäi sinn ënner anerem, de Serge Ecker, de Philippe Nathan an de Marc Pierrat.

Fir säi Wierk ze realiséieren, hat de Marc Pierrat och Ënnerstëtzung vun de Kanner aus der lokaler Maison relais. Eng Initiative, déi d'Gemeng ënnerstëtzt, esou de Guy Assa, dee responsabel ass fir d'Projeten, déi d'Gemeng Keel am Kader vun Esch2022 organiséiert.

„Et ass prinzipiell ëmmer wichteg, Kanner a Projeten anzebannen an da solle se och matmaachen, well dat méi wichteg ass, wéi wann een nëmmen eppes kucke geet. Vum Matmaache kréien d'Kanner eng Iddi, wat dohannert stécht, léieren den Artist kennen a kënnen deem och Froe stellen“, sou de Guy Assa.

De Projet „Landscapes“ kann een nach bis den 31. Oktober um Wanderwee tëschent Keel a Rëmeleng gesinn.