Mam "Le petit Nicolas" ass de franséischen Zeechner bekannt ginn. En Donneschdeg ass hie "friddlech" am Krees vu senger Fra a Frënn gestuerwen.

"Mir wäerten de Jean-Jacques Sempé net vergiesse kënnen", huet de franséische Staatschef Emmanuel Macron op Instagram geschriwwen. Och d'franséisch Premierministesch Elisabeth Born huet den Zeechner mat de Wierder, "Sempé, dat war d'Zeechnung an den Text. Et war d'Laachen an d'Poesie.", geéiert.

An de 1950er huet de Jean-Jacques Sempé de "petit Nicolas" zesumme mam "Asterix"-Auteur René Goscinny erfonnt. Déi éischt Geschicht war den 29. Mäerz 1959 an der Regionalzeitung "Sud-Ouest Dimanche" publizéiert ginn. Bannent nëmme sechs Joer sinn iwwer 200 Episode vum Nicolas mat dacks humoristeschen a satireschen Elementer, déi d'Gesellschaft beschreiwen, erschéngt. Mat den Iwwersetzungen an 30 Sprooche sinn am Ganze 15 Milliounen Exemplare a 45 Länner verkaf ginn. Dës goufen och verfilmt an als Zeechentrickserie adaptéiert.

De Sempé, deen d'nächst Woch 90 Joer al gi wier, sot 2018, datt den "petit Nicolas" fir hien "e Wee gewiescht wier, de Misär, deen ech a menger Kandheet erlieft hunn, erëm opliewen ze loossen a gläichzäiteg sécherzestellen, datt alles gutt ausgeet". De 17. August 1932 ass hien zu Pessac bei Bordeaux op d'Welt komm. Well seng Elteren net bestuet waren, ass hie fir d'éischt bei enger aggressiver Fleegefamill opgewuess, bis seng Mamm hien zréckgeholl huet. Ma och do war hien der Gewalt vu sengem Stéifpapp ausgesat.

Mat 14 Joer huet de Jean-Jacques Sempé mat der Schoul opgehalen, fir bei de Militär ze goen. Well him den haarden Drill näischt gesot huet, huet hien ugefaangen Zeechnungen u Paräisser Zeitungen ze verkafen. Domat huet hie sech finanziell iwwer Waasser gehalen, wat awer "schrecklech" Jore gewiescht wieren. Eréischt wéi de Magasinn "New Yorker" hien 1978 agestallt huet, hat de Sempé fir déi éischte Kéier a sengem Liewen en zolidd Akommes. "Ech war bal 50 an déi éischte Kéier a mengem Liewen hunn ech existéiert", sot den Zeechner méi spéit iwwert de Wiessel a sengem Liewen. An de Joren dono huet hien eng Abberzuel un Titelsäite fir de Cover vum "New Yorker" illustréiert - esou vill wéi keen anere Kënschtler.