E Mann ass wärend senger Liesung zu Chautauqua am Bundesstaat New York op d'Bün gestiermt, huet hie geschloen an du mam Messer op hien agestach.

Den indesch-britteschen Auteur Salman Rushdie ass e Freideg den Owend bei engem Evenement am US-Bundesstaat New York brutal attackéiert an dobäi schwéier blesséiert ginn. Hie krut mat engem Messer an d'Genéck an an de Bauch gestach. De Schrëftsteller ass mam Helikopter an d'Spidol komm, gouf d'noutoperéiert a soll awer aktuell nach ëmmer kënschtlech musse beotemt ginn. De Salman Rushdie wier ënnert anerem un der Liewer an un engem Nerv am Aarm blesséiert ginn a géif riskéieren, een Aen ze verléieren, heescht et vu sengem Agent.

Och den Interview-Partner vum Schrëftsteller gouf e Freideg attackéiert an um Kapp blesséiert.

RTL

© AFP/Archives/CHARLY TRIBALLEAU

De 24 Joer alen Täter war e Freideg den Owend kuerz virun enger Liesung vum Salman Rushdie op d'Bün gestiermt an hat den Auteur geschloen a mat engem Messer blesséiert. De Mann gouf festgeholl, ma iwwert säi Motiv war an enger éischter Phas näischt gewosst.  De Mann koum aus New Jersey an him gëtt versichte Mord virgehäit. Dem Täter seng Famill kënnt wuel aus engem Duerf am Süde vum Libanon, woubäi hie selwer awer an den USA gebuer an opgewuess ass.

De Salman Rushdie hat jo an den 80er Joren den ëmstriddene Roman "The Satanic Verses" publizéiert, dee weltwäit Protester ënnert der muslimescher Communautéit ausgeléist hat.

RTL

Dës Foto gouf de 26. Februar 1989 gemaach. / © AFP/File/NABIL ISMAIL

Wéinst engem Doudesurteel, ausgeschwat vum geeschtleche Chef am Iran, dem Ayatolla Khomeini, huet de Salman Rushdie Jorelaang musse verstoppt liewen a vun der Police protegéiert ginn. Den Iran hat deemools 3 Milliounen Dollar Belounung fir de Mord um Schrëftsteller versprach. Och wann dës sougenannt Fatwa, dem Iran no, an Tëscht net méi géif ëmgesat ginn, ass bis ewell net kloer, ob dës Attack net awer domat zesummen hänkt.

An enger éischter Reaktioun huet sech den US-Auteureverband schockéiert gewisen: "Eis fält kee vergläichbare Fall vun engem ëffentleche gewaltsamen Ugrëff op e Schrëftsteller op amerikaneschem Buedem an", sou PEN America.

D'USA an d'Welt wieren Zeie vun enger "verwerflecher Attack" op den Auteur ginn, sou den Nationale Sécherheetsberoder vum US-President Joe Biden, Jake Sullivan, e Freideg den Owend (Lokalzäit). "Dës Gewaltdot ass entsetzlech." Déi ganz US-Regierung géing fir eng séier Reconvalescence vum 75 Joer ale Salman Rushdie bieden, sou de Sullivan weider. Hien huet och de Bierger an de Rettungsekippe Merci gesot, fir hiert séiert Agräifen no der Attack.

RTL

© AFP