Eng Woch no hirem schroen Autosaccident goufen déi liewenserhalend Moossnamen ofgestallt. Dat huet hir Famill matgedeelt.

D'Anne Heche hat de 5. August e schroen Accident, bei deem Se mat hirem Auto an en Haus zu Los Angeles gerannt ass a liewensgeféierlech verwonnt gouf. Si louch zanterhier am Koma. Beim Accident gouf e Brand ausgeléist, deen eréischt no iwwert enger Stonn konnt geläscht ginn.

D'Heche gouf an den 90er Jore bekannt duerch Filmer wéi "Sechs Tage, sieben Nächte", "Donnie Brasco" an "Ich weiss, was du letzten Sommer getan hast". Fir hir Roll an der Serie "Another World" krut d'Schauspillerin am Joer 1991 een Emmy. Fir vill Opmierksamkeet hat deemools och hir Bezéiung zu der Moderatorin Ellen DeGeneres gesuergt.

D'Anne Heche ass 53 Joer al ginn an hat 2 Bouwen.