Hie huet ënnert anerem och Regie geféiert bei de Filmer "Outbreak", "Troja" an "Die unendliche Geschichte".

Hien ass e Freideg am Alter vun 81 Joer un de Suitte vu senger Kriibserkrankung gestuerwen. Dat huet seng Assistentin wësse gedoen.

Seng éischt Erfarungen am Regie-Beräich hat hien am "Jungen Theater" zu Hamburg gemaach, wou hien d'Regie bei e puer Kanner-Opféierungen iwwerholl hat. Donieft huet hien als Regieassistent a Schauspiller geschafft, eng Schauspillschoul besicht an Theaterwëssenschaften zu Berlin an Hamburg studéiert. Ufank der 70er Joren huet de Petersen fir d'Tëlee geschafft an ënnert anerem sechs Follege vun der bekannter däitscher Serie "Tatort" produzéiert. 1973/74 ass mat "Einer von uns beiden" säin éischte Film am Kino gelaf. E puer Joer méi spéit krut hie vun der Produktionsfirma Bavaria Film den Optrag, d'Regie vun der "Das Boot"-Produktioun ze iwwerhuelen. D'Verfilmung vum Roman, deen de selwechten Titel huet, war virun allem an den USA e Verkafsschlager. Mat der Zäit huet sech de Film och am Petersen senger Heemecht zu engem vun de bekanntsten an erfollegräichsten däitsche Filmer entwéckelt.

Nieft "Das Boot" huet hien ënnert anerem och Regie geféiert bei "Vier gegen die Bank", "Die unendliche Geschichte" (The NeverEnding Story), "Tod im Spiegel" (Shattered), "Outbreak – Lautlose Killer (Outbreak)" an "Troja" (Troy).