D'Schauspillerin Vicky Krieps erzielt am RTL-Interview, wéi de Film "Corsage" entstanen ass, deen dës Woch am Kino ugelaf ass.

D'Vicky Krieps spillt am Film déi éisterräichesch Keeserin Elisabeth, genannt Sisi, déi jo schonn an den 1950er Jore vun der ganz jonker Romy Schneider gespillt gouf.

Den Impuls dës Fra aus dem 19te Joerhonnert emol anescht ze weisen, koum vum Vicky Krieps, déi souwuel d'Flmer gekuckt an och eng Biographie gelies huet. Déi éisterräichesch Realisatrice Marie Kreutzer huet d'Iddi opgegraff an en Dréibuch geschriwwen.

De Film weist eng Keeserin, déi hire 40te Gebuertsdag feiert, an nach ëmmer ënnert dem strengen Zeremoniell an der Ëffentlechkeet leit.

Am Interview mam Christiane Kremer, erzielt d'Vicky Krieps iwwer d'Dréiaarbechten, d'Paralellen tëscht der Welt zu Sisi-Zäit an haut, iwwer hir Passioun fir d'Schauspillerei an hir Freed de Film kënnen zu Lëtzebuerg ze presentéieren.

De Magazin vum 10. September 2022
Aktuell Themen, Personnagen, Eventer an dat, wat d'Lëtzebuerger Gesellschaft beweegt.