Dës ganz Woch hu mir Iech déi nei Kandidate vun der 4. Staffel vun Generation Art presentéiert.

D'Generation Art ass erëm do. Och fir déi 4. Staffel steet alles am Zeeche vun der Fotografie. 10 Kandidaten hu wéi gewinnt zwee Deeg Zäit, fir ee Konschtwierk zu engem Thema ze realiséieren. Bewäert gi si vun enger professioneller Jury. All Woch verléisst ee Kandidat d'Aventure, bis datt zum Schluss nach dräi Finalisten iwwreg sinn. Si gewannen eng grouss Expo an den Haaptgewënner kritt nach zousätzlech e Geldpräis vu 5.000 Euro.

E Samschdeg, de 17. September goung et op der Tëlee lass.

Steven Pais

De Steven Pais gehéiert och zu deene Jéngsten am Grupp. Ma dat wëll net heeschen, datt en net erausstécht. Mat sengem ganz eegene Stil a senger Perséinlechkeet versicht hien d'Jury ze iwwerzeegen.

Marie Capesius

D'Marie Capesius ass mat hiren 33 Joer professionell Kënschtlerin. D'Fotografie ass wuel hire Medium, mä si dréckt sech an hirer Konscht och gären op ganz verschiddenen Niveauen aus. Souguer de gebrachene Fouss hëlt si als Erausfuerderung an zousätzlechen Challenge un.

Steven Da Cruz

De Steven Da Cruz studéiert Zeenographie. Mat senge 26 Joer ass hien awer extreem villschichteg. Net nëmmen d'Fotografie, ma och d'plastesch Konscht, Video a souguer d'Tätowéiere gehéieren zu senge Leidenschaften.

Sophie Becker

D'Sophie Becker huet 29 Joer a studéiert Konschtgeschicht. Hatt huet de Fotoapparat beim Reesen ni aus der Hand gelooss. Generation Art bitt him d’Méiglechkeet, sech kreativen Aufgaben ze stellen.

Lisa Folschette

D'Lisa Folschette huet 24 Joer a studéiert Fotografie. Scho vun Jonkem un ass hatt konschtbegeeschtert a ka sech e Liewen ouni Kreativitéit net virstellen. Sech virun der Kamera ze weisen, gesäit hatt als Challenge.

Jill Ries

D'Jill Ries huet 26 Joer a schafft als Architektin. D'Fotografie huet si bis elo besonnesch op hire Reese begleet, hei stellt si sech déi éischte Kéier enger professioneller Jury. D'Jill ass eng Fra, déi sech traut an och emol iwwert hire Schiet spréngt.

Samantha Wilvert

D’Samantha Wilvert studéiert mat sengen 22 Joer och Fotografie. Et huet scho säi ganz eegene Stil a weess wat et wëll. Gruppenaarbecht mécht him Spaass.

Pol Trierweiler

De Pol Trierweiler ass mat sengen 19 Joer ee vun de Jéngste bei dëser Staffel, an och wann ee mengt, en hätt net ëmmer e Plang, soll ee sech net täuschen. Säi Styl erkennt een direkt erëm.

Pit Reding

De Pit Reding huet 25 Joer, ass haut professionelle Fotograf, awer Autodidakt. Hien ass wuel méi zeréckhalend op den éischte Bléck, mee sécher net manner kreativ.

Manon Diederich

D'Manon Diederich huet 35 Joer an ass studéiert Ethnologin. D'Fotografie ass wuel hir Passioun, mä bei Generation Art sicht si d'Erausfuerderung a stellt sech den Challengen. Si bezeechent sech selwer als kreativ Chaotin.

RTL