E Lëtzebuerger Museker setzt sech an der Finale beim renomméierte rumäneschen George-Enescu-Cello-Concours zu Bukarest duerch.

Tëscht dräi Museker ka sech de Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof behapten. De jonken Artist huet de Jury mat senger Interpretatioun vum Concerto vum Dvorak iwwerzeegt. Den zweete Präis krut de Constantin Borodin aus Moldawien, den drëtte Präis goung un de Constantin Siepermann aus Däitschland.

Aktuell studéiert de priméierte Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof op der Universität der Künste zu Berlin.

Den éischte Präis vum George-Enescu-Concours ass mat 15.000 € dotéiert.

Nieft der Dotatioun ass fir de Kruithof natierlech och wichteg, fir sech en Numm an der internationaler Cellisten-Zeen kënnen ze maachen.