Um Samschdeg den Owend war et d'Zäit, fir d'Präisser ze verdeelen op der 79. Editioun vum Filmfestival vu Venedeg

D'lëtzebuergesch Produktiounsboîte Tarantula duerf sech freeën. De vun hir matproduzéierte Long-métrage Blanquita vum chileenesche Realisateur Fernando Guzzino huet an der zweeter Kompetitioun Orizzonti e Präis gewonnen. An zwar dee vum beschten Dréibuch. De Film erzielt déi Geschicht – baséierend op engem Fait divers, dee ganz Chile viru bal 20 Joer schockéiert huet – vun enger jonker Fra, déi mat hirem couragéisen Temoignage e Pedophillereseau opdecken a virun d'Justiz zéie wëll. Bis dat iergendwann Zweiwel opkommen zur Éierlechkeet vun hiren Aussoen.

De gëllene Léiw war fir "All the Beauty and the Bloodshed" vum Laura Poitras

De Leone d'oro goung un den Documentaire All The Beauty and The Bloodshed vun der amerikanescher Realisatrice Laura Poitras.

RTL

De Film ass de Portrait vun der Kënschtlerin a Fotografin Nad Goldin, déi sech nieft hirer Konscht aktivistesch ausgedréckt huet. Virop huet si sech der Famill Sackler gestallt, déi fir déi schwéier Opioid-Kris an den USA matverantwortlech ass. Hire Pharmakonzern Purdue huet dat geféierlecht Oxycodon op de Marché bruecht. An do dernieft mat hire Fondatiounen de kulturell Institutioune mat Sue finanzéiert. Eng zweete Kéier hannertenaner gewënnt domadder eng Realisatrice ee vun de wichtegen europäesche Filmpräisser. Lescht Joer war et bekanntlech L'événement vum Audrey Diwan. An et ass och bal 10 Joer hier, datt en Documentaire zu Venedeg mat deem Präis ausgezeechent gëtt.

Eng Grimmel iwwerraschend goung de Präis vum beschte Schauspiller un de Colin Farrell a seng Prestatioun am Film The Banshees of Inisherin. Domadder iwwerrascht dës Decisioun ënnert der Presidentin Julianne Moore. Scho virum Festival huet de Brendan Fraser fir seng Roll am Film The Whale als Favoritt gegollt. D'Coppa Volpi fir déi beschten Actrice goung dofir awer ewéi ugeholl un d'Australierin Cate Blanchett an hir komplex an ambigu Roll vun enger Orchesterdirigentin am Film Tár vum Realisateur Todd Field. Et steet net zur Debatt, datt déi zwee Schauspiller vun elo un als Favoritte fir d'Oscare gëllen.

Dräi Filmer aus der Kompetitioun kruten direkt zwee Léiwen iwwerreecht. Engersäits dem Luca Guadagnino säi Vampire-Coming-of-Age-Film Bones and All, fir deen hie selwer a seng Regie ausgezeechent ginn ass, ewéi och d'Schauspillerin Taylor Russell, déi nieft dem Timothée Chalamet d'Haaptroll an dësem Film hat.

En zweete Film, deen direkt duebelt priméiert ginn ass, ass de Film Saint Omevum Alice Diop. Ganz iwwerraschend krut si de Präis fir de beschten éischte Film. Eng limitéiert Vue, well d'Alice Diop huet scho méi um CV stoen, ewéi ee Film, wa se och um Pabeier Documentairë sinn. De Jury vun der Kompetitioun huet dat awer remediéiert an hir och nach de Grousse Jurypräis iwwerreecht.

An da krut den ireschen Auteur a Realisateur Martin McDonagh fir säin Dréibuch fir säin The Banshees of Inisherin nach en zweete Léiw iwwerreecht.

E grousse Favoritt fir de Leone d'oro war iwweregens och No Bears vum Jafar Panahi, deen elo ganz rezent vun der iranescher Regierung an de Prisong gestach ginn ass. An hien ass net deen eenzegen. Fir den Haaptpräis huet sech d'Jury net decidéiert, dofir awer fir de spezielle Jurypräis, deen esouwuel de politeschen ewéi de kënschtleresche Volet vun dësem immens staarke Film ofdeckt.