Um 17 Auer Lokalzäit geet et lass. Mat 25 Nominéierunge geet d'HBO-Serie "Succession" als Favorit an d'Course, ënner anerem fir déi "bescht Drama-Serie".

Och d'Netflix-Serie "Squid Game", an där verschëlte Mënsche bei Kannerspiller ëm hiert Iwwerliewe kämpfen, ass an dëser Kategorie nominéiert. Am Fall vun enger Auszeechnung wier dat déi éischt net-engleschsproocheg Serie, déi en Emmy als bescht Drama-Serie gewënnt.

Gutt Aussiichten op Präisser hunn donieft och d'Komedie-Serie "Ted Lasso" vun Apple Tv+ an d'Gesellschaftssatire vun HBO "The White Lotus" mat all kéiers 20 Nominéierungen.

Moderéiert gëtt d'Präisverdeelung vum "Saturday Night Live"-Star Kenan Thompson.