Als beschte Komedie gouf wéi schonn zejoert d’Série "Ted Lasso" priméiert. Beschten Drama-Serie ass d’Medien-Satire "Succession".

De Südkoreaner Jung-Jae Lee gouf als beschten Drama-Acteur ausgezeechent, fir seng Haaptroll am "Squid Game". Et ass déi éischte Kéier,  datt en net-englesch-sproochege Schauspiller dee Präis gewënnt. D'Netflix-Serie krut am ganze 6 Emmyen.

D'HBO-Gesellschaftssatire "The White Lotus" krut de Präis fir déi beschte Mini-Serie.

Moderéiert gouf d'Präisverdeelung vum "Saturday Night Live"-Star Kenan Thompson.

De Bill Wrubel war fir 11 Emmys nominéiert a konnt sech der um Enn siwe sécheren. Den Jason Sudeikis konnt sech e Méinden Owend iwwer véier Emmys freeën. De Bill Lawrence, Brendan Hunt, Joe Kelly, Jeff Ingold, Jane Becker, Jamie Lee, Liza Katzer, Kip Kroege an d'Ashley Nicole Black konnte sech allkéiers an zwou Kategorien duerchsetzen.

Iwwersiicht vun de wichtegste Gewënner

OUTSTANDING DRAMA SERIES: "Succession"

OUTSTANDING COMEDY SERIES: "Ted Lasso"

LEAD ACTOR, DRAMA: Lee Jung-jae, "Squid Game"

LEAD ACTRESS, DRAMA: Zendaya, "Euphoria"

LEAD ACTOR, COMEDY: Jason Sudeikis, "Ted Lasso"

LEAD ACTRESS, COMEDY: Jean Smart, "Hacks"

SUPPORTING ACTOR, DRAMA: Matthew Macfadyen, "Succession"

SUPPORTING ACTRESS, DRAMA: Julia Garner, "Ozark"

SUPPORTING ACTOR, COMEDY: Brett Goldstein, "Ted Lasso"

SUPPORTING ACTRESS, COMEDY: Sheryl Lee Ralph, "Abbott Elementary"

OUTSTANDING LIMITED OR ANTHOLOGY SERIES: "The White Lotus"

LEAD ACTOR, LIMITED SERIES OR MOVIE: Michael Keaton, "Dopesick"

LEAD ACTRESS, LIMITED SERIES OR MOVIE: Amanda Seyfried, "The Dropout"

SUPPORTING ACTOR, LIMITED SERIES: Murray Bartlett, "The White Lotus"

SUPPORTING ACTRESS, LIMITED SERIES: Jennifer Coolidge, "The White Lotus"