De Jean-Luc Godard huet zu ee vun de aflossräichste Realisateure vum europäesche Kino gehéiert.

Hie war donieft ee vun de féierende Vertrieder vun der sougenannter "Nouvelle Vague" vum franséische Film. Iwwer 40 Spillfilmer, sëllege Court-métragen, experimentell Dokumentarfilmer, héichintellektuell Essayfilmer wéi och Museksvideoen huet hie realiséiert. Besonnesch seng Filmer an de 60er Jore si bekannt, wéi "Pierrot le fou", "À bout de souffle" oder nach "Vivre sa vie". 2010 krut hien den Éieren-Oscar fir säi Liewenswierk.

Wéi e Beroder vun der Famill en Dënschdeg matdeelt, huet de Jean-Luc Godard an der Schwäiz Stierfhëllef kritt. Dat wéinst senge sëllege Krankheeten.

De Jean-Luc Godard ass den 3. Dezember 1930 zu Paräis op d'Welt. Säi Papp war e Schwäizer Aendokter. Opgewuess ass de Godard mat 3 Gesëschter an der Heemecht vu sengem Papp, ma 1943 ass seng Famill zeréck a Frankräich geplënnert.