Vum Prado zu Madrid, iwwert de Centre Pompidou zu Paräis, bis hin zum Metropolitan Museum zu New York gëtt e Kulturprogramm organiséiert.

Fir de 50. Doudesdag vum spuenesche Moler Pablo Picasso am Abrëll 2023, plangt d'international Konschtwelt e spektakuläre Programm  mat 42 Ausstellungen. Am "Picasso-Joer" wäerte sech 38 bedeitend Konschtinstitutiounen an Europa an an den USA bedeelegen, sou de spuenesche Kulturminister Miquel Iceta e Méindeg zu Madrid.

Frankräich a Spuenien bereeden de Programm schonn zanter 18 Méint vir. Zil vun den Ausstellungen an de Evenementer wier, "sämtlech Facetten" vum "berüümtste Kënschtler aus der moderner Zäit" ze weisen, sou d'franséisch Kulturministerin Rima Abdul-Malak.

De Picasso ass am Joer 1881 an der spuenescher Stad Malaga op d'Welt komm an ass am Alter vun 91 Joer den 8. Abrëll 1973 zu Mougins op der Côte d'Azur gestuerwen. Parallel zu de den Ausstellunge gi Virträg iwwert de Kënschtler a säi Wierk geplangt.

De Programm soll den 23. September mat enger Ausstellung an der Fondatioun MAPFRE zu Madrid lancéiert ginn a wäert nach bis Abrëll 2024 undaueren.

Déi meescht Evenementer wäerten a Frankräich, Spuenien an an den USA sinn, mee och Däitschland, d'Schwäiz, d'Belsch a Rumänien bedeelege sech um "Picasso-Joer".

"Mir wëllen de Picasso sou weisen, wéi hie war", andeems mir säi "kënschtlerescht Ierwen" ervirhiewen, sou de spuenesche Kulturminister Iceta.