An eiser neier Serie iwwer déi schéinste Schlässer zu Lëtzebuerg huele mir Iech mat an eent vun deene populäerste Monumenter am Land, d'Veianer Schlass.

Dëse Summer sinn do iwwer 87.000 Visiteure passéiert an dat eleng an de Méint Juli an August. Popularitéit vun dësem Schlass, dat zum gréissten Deel tëschent dem 11. a 14. Joerhonnert erbaut ginn ass, kënnt duerch seng exzeptionell geographesch Situatioun iwwert der Uertschaft vu Veianen, seng majestéitesch Architektur a seng komplex Geschicht.

Wosst Dir zum Beispill, dass d'Schlass quasi komplett zerfall war an dunn erëm opgebaut gouf? Entdeckt mat eis d'Geschicht vun dësem faszinante Schlass.

Al Schlässer oder Buerge ginn et der insgesamt 70 Stéck zu Lëtzebuerg, woubäi all eenzel seng eege Geschicht a Geheimnisser huet. Am Kader vun den europäeschen Deeg vum Patrimoine bidde mir Iech op RTL Télé an den nächste Wochen eng nei Serie, an där mir e puer vun dëse Buergen a Schlässer méi no kenneléieren. Och léiere mir déi Leit kennen, déi sech mat vill Passioun an Energie fir d'Erhale vun den historesche Gebaier asetzen.