E Samschdeg ass et esouwäit: No 5 Joer Paus geet d'Generation Art an déi 4. Staffel. A wéi schonn an der leschter Editioun steet d'Fotografie rëm am Fokus.

D'Kandidaten trieden a siwen Challengë géinteneen un. Ze gewanne gëtt et eng Expo an e Geldpräis vu 5.000 Euro. Aus de ronn 30 Kandidaturen hu sech 10 Kandidaten erausgeschielt, déi an de verschiddenen Challengë géinteneen untrieden. Vum Hobbyfotograf iwwert de Fotografiestudent bis bei de professionelle Fotograf ass alles vertrueden. Nieft wiesselende Gaaschtjurore setzt sech d'Jury aus dräi Persounen zesummen: dem Danielle Igniti, dem Paul Di Felice an dem Daniela Del Fabbro.

Mir ware bei den Dréiaarbechten am Juli mat dobäi a krute schonn emol en éischten Abléck, wat eis dëst Joer erwaart.

E Samschdeg gëtt et dann och e grousse Public viewing am Gudde Wëllen an der Stad, wou een den éischten Episod zesumme mat de Kandidate kucke kann.

Dës ganz Woch presentéiere mir Iech all Dag zwee vun den neie Kandidate vun der 4. Staffel vun Generation Art.