1,5 Milliarden Dollar huet de Film Top Gun Maverick iwwert de Summer op der ganzer Welt an de Kinoskeesen agespillt.

Domat ass de Film an den USA op der 6. Plaz vum Box Office vun allen Zäiten. Ma och weltwäit kann dës Suite vum Kultfilm mam Tom Cruise domat un der Dier vun den Top 10 klappe mat enger erstaunlecher 11. Platz. Wann ee bedenkt, datt duerch d'Covid-Pandemie Kinosentréeën dach staark zeréckgaange sinn, ass dëst Resultat ëmsou méi spektakulär, genee wéi de Film selwer, deen nach ëmmer an de Kinoen uechtert Land leeft.

De Pete Mitchell, och nach "Maverick" genannt, ass zënter 30 Joer en Elite-Kampfjet-Pilot fir déi amerikanesch Marines. Hie refuséiert all Form vu Promotioun, déi hien dovun ofhale kéint, net méi am Cockpit ze setzen an ass nach genee esou rebellesch wéi a senge jonke Joren. No enger ernéiter Provokatioun géint seng Virgesetzte gëtt hien op eng Plaz mutéiert, déi hien dach gutt kennt. An der Elite-Schoul Top Gun soll hien déi nei jonk Piloten op eng liewensgeféierlech Missioun virbereeden. Ënnert de Kadetten ass de Lt. Bradley Bradshaw, de Bouf vum fréiere Co-Pilot vum Maverick, dee virun 30 Joer bei engem gemeinsame Fluch ëm d'Liewe komm ass. Fir de Maverick geet domat eng Rees an d'Vergaangenheet un, an där hie sech senge gréissten Ängschte muss stellen.

Wann déi éischt Noute vum Top Gun Soundtrack nees an de Kinossäll ze héiere sinn, schléit all filmbegeeschtertem Spectateur säin Häerz direkt méi séier. An do léisst de Realisateur Joseph Kosinski sech et net huelen, mat der Ouvertures-Sequenz vum Top Gun Maverick e reegelrechten Hommage un den originale Film vum Tony Scott aus dem Joer 1986 an Zeen ze setzen.

Et ass a sengen Actionssequenzen, wou dëse Film sech awer kloer vun der Konkurrenz ofsetzt. Gutt rhythméiert an immens spektakulär Kampfzeenen, déi net vun onnéidege Computer generéierten Effekter belaascht sinn an déi sech an héchster Vitess am Himmel ofspillen, loossen den Adrenalinspigel ëmmer nees abrupt klammen. Top Gun Maverick mat engem Tom Cruise, deen nach ëmmer net ausgesäit, wéi wann e scho 60 Joer hätt, ass deemno op d'mannst Mol um Niveau vun der Action e ganz grousse Kinosspektakel.