Problemer op dem Evenement hätt een an der Vergaangenheet nach ni gehat, sou d'Organisateuren, déi sech fillen, wéi wa se als Ligener bezeechent goufen.

"Metal ass keng Musek", dat soll de Buergermeeschter vu Stroossen, den Nico Pundel gesot hunn, ier en de Spillraum fir den Event vun dem Kopleschter Fussballveräin drastesch ageschränkt huet. Un e Metalfestival e Samschde beim Fräiheetsbam war ënner de Konditioune vun der Gemeng op alle Fall net méi ze denken. De Veräin huet dofir urgent no enger neier Plaz gesicht, an huet dës zu Péiteng fonnt. Do kréien d’Organisateuren den Home St. Hubert vun der Gemeng zur Verfügung gestallt.

An engem Facebookpost vu "Metalfestival Kopstal" war en Donneschdeg en Appell lancéiert gi mam Titel "URGENT: Mir brauchen eng nei Location". Wat war geschitt?

Just 3 Deeg virum Festival wier ee vum Buergermeeschter vu Stroossen kontaktéiert ginn a mat der Ënnerstellung konfrontéiert, hie wier ugelu ginn, heescht et am Post. De Buergermeeschter hätt weider behaapt, et wier eng Demande fir e Museksfestival gemaach ginn, mee Metal wier jo definitiv keng Musek. Hien géing just nach de Chalet an d’Toiletten zur Verfügung stellen, soss awer näischt méi. Also keng Zelter, a keng Bün.

Op Nofro vun RTL, wéi et zu dëser Decisioun komm ass, seet de Buergermeeschter, hien hätt am Mee eng Ufro vum Kopleschter Fussball kritt, fir e Museksfest. Eréischt wou een vun den Organisateuren an de Schäfferot komm ass, an erkläert hätt, datt et méi haart Musek wier, hätt hie verstane wourëm et geet. "Dat ass de Problem wou ech soen, do hu se eis einfach hannergaangen. An se hunn net mat oppene Karte gespillt", erkläert den Nico Pundel. Hien hätt näischt iwwert d’Envergure vum Event an d’Sécherheetskonzept matgedeelt kritt.

Dat et sech em de Metalfestival handele géing, deen zanter iwwer 10 Joer zu Koplescht organiséiert ginn ass, wier net präziséiert gewiescht, seet de Buergermeeschter. Wéinst Iwwerschwemmungen d’lescht Joer kann déi traditionell Plaz am Centre Wirspesch zu Koplescht dëst Joer net genotzt ginn.

An engem Schreiwes e Freideg am Nomëtteg huet d'Gemeng Stroossen nach emol offiziell Stellung geholl an ënnerstrach, de Saz "Metal ass keng Musek" wier esou ni vum Buergermeeschter Nico Pundel gesot ginn.

"Am Fréijoer huet de Veräin FC Kopstal 33 eng Demande bei der Gemeng Stroossen gestallt, fir en "Musek Fest Concert" zu Stroossen fir +/-250 Persoune beim Fräiheetsbam de 17. September ze organiséieren", heescht et am Schreiwes. Mat der Iddi, lokal Veräiner ze ënnerstëtzen, wier d'Autorisatioun ënnerschriwwe ginn. Eréischt am September wier d'Gemeng "iwwer Ëmweeër" gewuer ginn, datt ee Metalfestival geplangt wier.

Ee vun den Organisateure vum Metalfestival, de René Buchette, seet, et wieren eng 250 bis 300 Leit erwaart ginn. Problemer op dem Evenement hätt een an der Vergaangenheet nach ni gehat. Hien ass rosen doriwwer vum Buergermeeschter als Ligener titeléiert ze ginn.

Vill Museksfans weisen an de Soziale Medien hir Solidaritéit. Ënnert d’Schreiwes vun den Organisateure vum Museksfestival op Facebook schreift ënner anerem d’Kulturfabrik Esch, datt si gäre gehollef hätt, mee de Weekend scho volle Programm bei hinne wier. A weider: "Dass de Buergermeeschter vu Stroossen falsch läit, kënne mer nëmmen ënnersträichen. De Metal-Publikum ass gutt gezillt, brav an et kënnt ni zu Problemer".