Am eiser Serie iwwer déi schéinste Buergen a Schlässer zu Lëtzebuerg entféiere mer Iech hannert d'Kulisse vun historesche Gemaier.

D'Schlass vun Aansebuerg erënnert mat senge barocke Basengen, Gäert a Labyrinthe scho bal u Versailles. Ëm 1640 ass et gebaut ginn a läit am Äischdall, och bekannt ënnert dem Numm “Dall vun de siwe Schlässer”. No an no ass d’Schlass méi grouss ginn, virop duerch d’Initiativ vum Grof Lambert-Joseph de Marchant et d’Ansembourg. Hie war et och deen d'Pläng vum Gaart a vun der mythologescher Allee ausgeschafft huet. En Domaine, ëm deen sech haut ënnert aneren de Christophe Déage këmmert. Virun 33 Joer huet de gebiertege Fransous sech an dës Plaz verléift, an huet et zu sengem Beruff gemaach, sech ëm den Entretien an den Erhalt vum Schlass ze këmmeren.

Les jardins sont vraiment l’expression d’une vision de son créateur, comme Louis XIV à Versailles. Et ici c’était vraiment ce retour de la paix, le retour de la prospérité et d’une certaine harmonie avec la nature.”

Den aktuelle Besëtzer vum 10.000 Quadratmeter grousse Schlass, e Japaner, wunnt selwer net dran. Ma d’Gäert si fir de Public op. An do kritt een nach en anere Lëtzebuerger Patrimoine ze gesinn: d’Rousen. Lëtzebuerg war nämlech Mëtt vum 19. Joerhonnert bis 1920 d’Land vun de Rousen. Um Zenith vun der Produktioun, virum éischte Weltkrich, sinn op 80 Hektar all Joer 6,5 Millioune Rousestäck produzéiert an an déi ganz Welt verkaf ginn. “D’Lëtzebuerger Ziichter hu quasi bis 400 Zorten nei Rouse kreéiert”, erkläert d’Nicole Trossen, d’Presidentin vun der ASBL “Patrimoine Roses pour le Luxembourg”. All Woch komme Benevoler vun der Associatioun, fir no de Rousen ze kucken. Beim Schlass Aansebuerg ginn awer net just Blummen a Gäert ënnerhalen, mä och d’Erënnerung u fréier Zäiten.

Al Schlässer oder Buerge ginn et der insgesamt 70 Stéck zu Lëtzebuerg, woubäi all eenzel seng eege Geschicht a Geheimnisser huet. Am Kader vun den europäeschen Deeg vum Patrimoine bidde mir Iech op RTL Télé an den nächste Wochen eng nei Serie, an där mir e puer vun dëse Buergen a Schlässer méi no kenneléieren. Och léiere mir déi Leit kennen, déi sech mat vill Passioun an Energie fir d'Erhale vun den historesche Gebaier asetzen.

D'Serie am Iwwerbléck